Neies vu Sea-Eye: 126 Iwwerliewender an 2 Rettungen

Et ass eng schrecklech Virstellung, an awer déi batter Realitéit, datt och am Wanter nach ëmmer Mënschen iwwert d’Mëttelmier flüchten. Bei 2 Rettungsaktiounen huet d’Crew vun der SEA-EYE 4 nees 126 Persoune gerett.

D’Schëff vun der Séinoutrettungsorganisatioun war grad an der Sich- a Rettungszon ukomm, wou hinnen d’SKYBIRD déi 2 Booter an Nout gemellt huet. D’Ekipp konnt d’Mënschen rechtzäiteg erreechen a retten. Dobäi gouf et glécklecherweis keen Doudesaffer.

Elo gëtt sech ëm d’Versuergung vun den 126 Mënsche gekëmmert.

Dernières nouvelles