Search

You may also like

LBO: E richteg flotte Jubiläum
International Neiegkeeten Stories

LBO: E richteg flotte Jubiläum

Den Escher Gaalgebierg war de ganze Weekend iwwer am Beachvolleyball

Chauffere vun Uber si Salariéeën
International Neiegkeeten Stories

Chauffere vun Uber si Salariéeën

Dat héchste Londoner Geriicht huet an engem weeweisenden Urteel kloer

D’Ulrike Bail huet de Servais Präis 2021 gewonnen
International Neiegkeeten Stories

D’Ulrike Bail huet de Servais Präis 2021 gewonnen

D’Fondation Servais huet de Servais Präis 2021 un d’Ulrike Bail

De Wonsch no enger Welt ouni Grenze besteet

De Wonsch no enger Welt ouni Grenze besteet

Ënnert de leschten 29 Persounen, déi vun der Séinoutorganisatioun Sea-Eye gerett gi sinn, befanne sech och eng Rei Jugendlecher, déi eigentlech aus Guinea kommen. Hei erzielen déi 16, respektiv 17 Järeg iwwert hir Erliefnisser a Libyen. Aus Sécherheetsgrënn goufen hier Nimm geännert – an dësem Bericht heeschen se Ahmed, Ali, Samul a Khalil.

Nodeems d’Jonge gerett goufen, huet den Ahmed enges Dages ugefaange mat sangen. An dësem Lidd goung et ëm eng Welt ouni Grenzen. Och d’SEA-EYE 4 huet e puer Textzeile verdéngt. Dono hunn déi véier Jugendlech sech mam Johanna, vun der Sea-Eye Ekipp ënnerhalen. Si waren esou opgereegt, datt si sech géigesäiteg an d’Wuert gefal sinn.

Hier Erfarungen a Libyen hunn si immens gepräägt. Si erzielen net nëmme vun Diskriminéierung, mee och vu Rassismus. Als People of Color wär een näischt wäert gewiescht. D’Mënschen op der Plaz wollten déi Jugendlech net upaken. Si hunn sech souguer den T-Shirt virun d’Nues gezunn an eppes vu Corona gebabbelt.

Heiansdo, wann déi Jugendlecher Chance haten, hu si Aarbecht fonnt. Mee spéitstens owes koum d’Enttäuschung. Si goufen net bezuelt. Einfach nëmmen ausgebeut. Fir nuets ze schlofen, hu si sech misse verstoppen. Néierens war et sécher.

Den Ahmed weist seng vernarbten Äerm an den Ali huet seng ganz eegen Usiichtssaach – hien betount, datt net all Mënsch a Libyen schlecht wier. Doropshin erzielt den Ahmed, datt hien eemol een Imam begéint hätt, deen him gehollef hätt. Iergendwéi stécht nach e Kär Hoffnung an de Jongen.

Gläichzäiteg warnt de Samul allerdéngs, datt vill Mënsche Waffe besëtzen. Hien hätt selwer gesinn, wéi engem anere Mënsch wéinst engem Handy an den Aarm geschoss gi wier. Déi véier Jugendlecher goufe well Zeie vun onnëtzen Schéissereien. Elo hunn si déi schrecklech Erliefnesser hannert sech, eng nei Welt steet hinnen op.

Op der SEA-EYE 4 gëtt Säit u Säit un der Reeling gesongen, an der Hoffnung, datt déi gerette Mënschen op eng besser an zemools sécher Plaz kommen.

Opmaacherbild: © Oriol Lazaros Planas / sea-eye

Related topics Erfarung, Erliefnis, Guinea, Jugendlecher, Libyen, Sea-Eye, Séinoutrettungsorganisatioun
Next post Previous post