Search

You may also like

De Capitani op Netflix: Zäit fir eng Review!
Kultur Neiegkeeten

De Capitani op Netflix: Zäit fir eng Review!

Zënter dem 11. Februar 2021 gëtt déi lëtzebuergesch Serie „Capitani“

Konscht fënnt och online säi Wee: Muñoz-art mécht eng Ausstellung!
Kultur Neiegkeeten

Konscht fënnt och online säi Wee: Muñoz-art mécht eng Ausstellung!

D’Ausstellung mam Numm MUNIMALISTIC ass op der Facebooksäit vun Muñoz-art

De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef
Kultur Neiegkeeten

De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef

Nom dout vum Groussherzog Jean, deen zanter dem Enn vum

Alles Guddes, Sebastian Fitzek!

Alles Guddes, Sebastian Fitzek!

Zanter sengem éischte Psychothriller schreift dëse Berliner ee Bestseller nom aneren. Ma, um haitegen Dag feiert de bekannten däitsche Schrëftsteller Sebastian Fitzek ee ronne Gebuertsdag: 50 Käerze sinn um Kuch vum talentéierten Auteur!

D‘Iddi zu sengem Roman „Die Therapie“ hat hien tatsächlech, wéi hien am Joer 2000 am Waardezëmmer vun engem Orthoped op seng deemoleg Frëndin gewaart huet. No zuelräichem Ëmschreiwe vum Manuskript, huet d‘Geschicht e bemol beim Verlag Droemer Knaur groussen Zousproch fonnt. Déi final Versioun vum Psychothriller ass am Joer 2007 als bescht Krimi-Debüt fir de Friedrich-Glauser-Präis nominéiert ginn.

Och seng aner Bicher, wéi zum Beispill „Amokspiel“, „Der Insasse“, „Das Paket“, „Noah“, „Der Heimweg“ oder „Passagier 23“ schwätze fir säin aussergewéinlechen Erfolleg. Seng Bicher ginn an iwwer 20 Sproochen iwwersat an hunn hire Wee och a Groussbritannien sou wéi an d‘USA fonnt.

Dobäi goufen och well ënnerschiddlech Bicher vum Sebastian Fitzek verfilmt. Dës weideren ass hien den éischten däitschen Auteur, dee mam Europäesche Präis fir Kriminalliteratur ausgezeechent gouf.

De Sebastian Fitzek ass berüümt-berüchtegt fir seng ausgefalen Reklammenaktiounen, bei „Flugangst 7“ war – wéi soll et anescht sinn – ee Fliger am Mëttelpunkt. Bei „Der Insasse“ konnt een sech an een ëmgebauten Geckenhaus „aweisen“ loossen. D‘Sozialexperiment gouf gefilmt. D‘Liese vum neiste Manuskript war natierlech inclus. D‘Erschrecken, sou wéi sech dat gehéiert natierlech och.

Oft stécht e Message dohannert. Bei sengem Buch „Der Heimweg“ huet den Auteur thematiséiert, wéi wichteg ee sécheren Heemwee fir jonk Fraen am Däischteren ass – a wat alles dobäi schif goe kann.

Ee weidert Markenzeeche vum Sebastian Fitzek ass, datt hien dacks ongewéinlech Liesungen ofhält, zum Beispill an engem Bestattungsinstitut oder enger Dokterspraxis. Wéi den Auteur am Joer 2019 zu Lëtzebuerg am Athenée fir eng Liesung op Besuch war, war de Kader éischter gemittlech, scho bal familiär. Dobäi hat hien net nëmmen aus sengem Psychothriller „Der Insasse“ virgelies, hien huet de Spectateuren ee Virtrag iwwer Gutt a Béis gehalen – a souguer e puer perséinlech Geschichten erzielt. Inspiréiere léisst den talentéierte Schrëftsteller sech vun zimmlech allem – bei „AchtNacht“ huet de Film „The Purge“ hien ugereegt.

Am Mäerz 2017 koum säin éischt Kannerbuch „Pupsi und Stinki“ op de Maart. A mam Roman „Der erste, letzte Tag“ huet de fréiere Journalist de Lieser op eng aussergewéinlech Rees matgeholl a bewisen, datt hien och gefillsvoll a mat Häerz ka schreiwen.

Dem Sebastian Fitzek seng Fans kënnen de 27. Oktober kaum erwaarden – dat ass nämlech de Verëffentlechungsdatum vu sengem neiste Thriller „Playlist“. Besonnesch un dësem Thriller sinn d‘Lidder déi vun ënnerschiddlechen däitsche Kënschtler, ënnert anerem dem Rea Garvey, dem Namika, dem Tim Bendzko, Silbermond, oder Kool Savas gesonge goufen an am Zesummenhang mat der Handlung vum Buch stinn.

Am Zentrum vum Geschéien steet dat jonkt Meedche Feline, wat spuerlos verschwonnen ass. Den Ermëttler Alexander Zorbach gëtt op ee Museksdéngscht am Internet opmierksam, iwwert deen hatt seng Liblingslidder ëmmer lauschtert. Komesch, datt sech d‘Playlist e puer Deeg viru sengem Verschwanne verännert huet. Ass dat een Hiweis?

Ma do kann een nawell virwëtzeg sinn! Mir wënschen dem Sebastian Fitzek alles Guddes fir seng 50 Joer an datt him d’Inspiratioun soubal net ausgeet.

Opmaacherbild: © Martin Kraft (CC BY-SA 3.0)

Related topics Der Insasse, Friedrich-Glauser-Präis, Gebuertsdag, Kimiliteratur, Playlist, Psychothriller, Sebastian Fitzek, Sozialexperiment
Next post Previous post