Search

You may also like

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen
International Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen

Wéi Fairtrade Lëtzebuerg matdeelt solle verschidde Memberstaaten d’EU-Reglementatioun zur responsabeler

Ankara réit Paräis, sech aus Syrien erauszehalen
International Neiegkeeten

Ankara réit Paräis, sech aus Syrien erauszehalen

Den tierkesche Verdeedegungsminister huet um Samschdeg virun enger franséischer „Invasioun“

Legal… Illegal… Schäissegal…
International Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei

D'Tierkei ass am Moment net beléift an Europa

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei

Éisträich verlaangt vun der EU eng kloer Haltung géintiwwer der Tierkei. Obwuel d’EU-Kommissioun der Bundesregierung de Réck gestäipt huet, fuerdert den Ausseminister Sebastian Kurz e méi decidéierten Ëmgang mat Ankara. Den däitsche Kanzleramtschef warnt vrun enger Pauschaliséierung.

De Sebastian Kurz, dee sech bei de virgezunne Walen am Oktober Hoffnungen op d’Kanzleramt mécht, ergräift eng haart Positioun. „Ech wäert mech weiderhi fir en Ofbroch vun den EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei asetzen“, sot den ÖVP-Politiker der Welt am Sonntag.

„D’EU muss elo endlech zu enger klorer Haltung géintiwwer der Tierkei fannen an amplaz engem Bäitrëtt eng geuerdent Zesummenaarbecht mat der Tierkei als Noper ustriewen“. En huet och begréisst, datt den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel (SPD) „Seng Beuerteelung vun der Sitatioun an den Ëmgäng mat der Tierkei elo endlech iwwerduecht huet“. De Gabriel hat dem Kurz nach kierzlech Populismus virgeworf.

D’Verhaftung vu Mënscherechtsaktiviste wéi dem däitsche Peter Steudtner an dem Schwed Ali Gharavi, oder dem Journalist Deniz Yücel, wiere bedenklech. „Meng Aschätzung datt sech d’Tierkei ëmmer méi wäit vun Europa fortbewegt, gëtt ëmmer méi zur Wouerecht“, esou de Sebastian Kurz.

Demokratie an der Tierkei berécksiichtegen

An Däitschland warnt den Kanzleramtschef Peter Altmaier (CDU) virun enger pauschaliséierter Veruerteelung vun der Tierkei. „An der Regioun ass d’Tierkei eent vun den demokrateschste Länner“, sot hien der Bild am Sonntag. „An domadder mengen ech net den Erdogan, mee d’Land an déi tierkesch Gesellschaft am ganzen“.

Den Altmaier gëtt ze bedenken, datt den staarke Mann aus Ankara de Referendum zur Reform vun der Konstitutioun „net mat 90% Zoustëmmung gewonnen hätt wéi dat an Diktaturen üblech wier, mee mat 51%“.

Enger Offer vun der Tierkei, déi Inhaftéiert däitsch Bierger géint tierkesch Beamten an Diplomaten Auszetauschen, déi an Däitschland Asyl ugefrot hunn, huet hie refuséiert. Däitschland wier ee Rechtsstaat an dowéinst „entscheeden déi zoustänneg Administratiounen an onofhängeg Geriichter doriwwer“ an füügt bäi: „Däitschland wier kengeswees Erpressbar“.

Vun enger Fuerderung d’Tierkei aus der NATO erauszewerfen hält den Altmaier och wéineg. Och den Ofzuch vun den däitschen Zaldoten aus Konya „géifen net der Tierkei schueden, mee der NATO am Kampf géint den Terrorismus vum islamesche Staat“.

mat AFP

Foto: Den Ausseminister vun Éisträich fuerdert eng kloer Haltung vun der EU géintiwwer der Tierkei (© Georg Hochmuth/APA/AFP)

Related topics Recep Tayyip Erdogan, Sebastian Kurz, Sigmar Gabriel, Tierkei
Next post Previous post