Search

You may also like

Editorial: Wann de Client nach just een liicht Affer ass
International Neiegkeeten

Editorial: Wann de Client nach just een liicht Affer ass

Wat sech d‘Ubidder am Beräich vun der mobiller Téléphonie erlaben

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen
International Neiegkeeten

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen

Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend

E Protest vun de Medieschaffenden
International Neiegkeeten

E Protest vun de Medieschaffenden

Um haitege Méindeg, dem „Internationalen Dag vun der Pressefräiheet“ huet

Däitschland beschléisst Flicht sech géint Riedelen impfen ze loossen

Däitschland beschléisst Flicht sech géint Riedelen impfen ze loossen

Et gouf laang a breet diskutéiert elo gouf endlech eng Entscheedung getraff an d‘Leit mussen sech a besonnesch hir Kanner géint d‘Riedelen impfe loossen. Eng Impfung ass beispillsweis Flicht an de Crèchen, de Schoulen an och an de Flüchtlingsheemer. Wien sech deem entgéint stellt, muss mat enger Geldstrof rechnen.

D‘Impfung géint Riedelen ass aktive Kannerschutz, esou den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn (CDU), deen d‘Verflichtung sech mussen Impfen ze loossen, gëschter am Bundestag trotz hefteger Kritik vun der Oppositioun duerchgesat huet. An der zweeter Liesung ass d‘Gesetz mat de Stëmme vu CDU/CSU, SPD an FPD ugeholl. D‘Faschisten (AfD) hunn dergéint gestëmmt, déi lénk a déi gréng wollten eigentlech och net esou richteg, hunn sech awer just enthalen.

Esou ass d‘Gesetz zur Impfflicht mat 459 derfir, 89 dergéint an 105 Enthalunge beschloss. Déi gëllt net nëmme fir d‘Kanner, mee och Dagesmammen, d‘Mataarbechter vu Gesondheetsariichtungen, Altersheimer a Flüchtlingsheemer mussen sech géint Riedelen impfe loossen. Elteren déi d‘Kanner net geimpft hunn, awer an enger „Struktur“ betreie loossen, kéinten esou enger Geldstrof vu bis zu 2.500 Euro condamnéiert ginn. Wien net geimpft ass dierf dann och net an d‘Spillschoul…

Um normalen Unterrecht sollen awer och – wéinst der Schoulflicht – Kanner deelhuelen dierfen déi net geimpft goufen. Crèchen, Foyeren a Spillschoulen déi Kanner betreien, déi net geimpft goufen, sollen och mat enger Geldstrof zur Verantwortung gezu ginn. D‘Mataarbechter vun de genannte Strukturen, déi sech net wëllen impfe loossen, mussen sech eng nei Schaff sichen. Ausname gëtt et nëmme fir Kanner ënner 12 Méint (déi solle jo och nach net geimpft ginn) an Allergiker.

Well eis däitsch Noperen eng Verflichtung sech impfen ze loossen net als „Zwangsimpfung“ wëlle verkläert gesinn, ass gëschter zu Berlin nach emol ganz grousse Wäert drop geluecht ze betounen, datt et sech bei dësem Gesetz ëm eng „Noweisflicht fir Gemeinschaftsariichtungen“ handelt. Et géif kee Mënsch zu iergendeppes gezwonge ginn, esou d‘CDU-Fraktioun. Déi gréng hätten et léiwer gesinn, wann d‘Regierung statt Impfflicht, sech eng Impfstrategie operluecht hätt.

Bei déi lénk dogéint, wollt een op de Wee vun enger besserer Opklärung zum Notze vun enger Impfung géint d‘Riedele goen. Déi „die Linke“ huet hei ee flott Argument aus dem Äermel gezunn: „Wann Zaldoten an de Schoulen dierfe Reklamm fir d‘Arméi maachen, da sollt et dach méiglech sinn Dokteren an de Schoule Reklamm fir d‘Impfung maachen ze loossen“. D‘AfD déi d‘Migrante beschëllegt Krankheeten anzeschleefen, ass dogéint iwwerzeegt, datt dat alles muss fräiwëlleg sinn.

Et sollt een awer bedenken, datt d‘Riedelen eng héich ustiechend Krankheet sinn, déi net mat Medikamenter geheelt ka ginn. Hei hëlleft tatsächlech nëmmen d‘Impfung, a jo fir datt déi och „wierkt“ muss se zweemol gemaach ginn. Am beschten ass et, wann d‘Kanner tëscht dem éischten an zweete Joer geimpft ginn. Eng Gesellschaft gëllt als „geschützt“ wa 95% vun der Bevëlkerung geimpft sinn, esou d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). 2018 gouf et an Däitschland 543 Fäll

Related topics Gesondheetsministère, Impfung, Infektiounskrankheet, Riedelen, ustiechend, Virus
Next post Previous post