Search

You may also like

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“
International Neiegkeeten

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther

money
Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet
International Neiegkeeten

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

De Prinzip vum bedéngungslose Grondakommes um „Terrain“ ausprobéieren, fir en

Et kléngt nëmmen no Widderstand
International Neiegkeeten

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Mam Gesetzprojet 7738 an den doranner enthalenen „Verschäerfunge“ wéi vum

Wann eng Weltmuecht sech u Kanner vergräift

No Pläng vun der US-Regierung sollen „Immigrantekanner“ méi laang agespaart ginn

Wann eng Weltmuecht sech u Kanner vergräift

Wien Atomverträg oniwwerluecht kënnegt, mat Jänni a Männi en Handelskrich féiert an och soss diplomatesch wéineg Geschéck un den Dag leet, dee vergräift sech och u klenge Kanner. A genee dat hu se am Wäissen Haus an am US-Heemeschtschutzministère wëlles.

An den USA gëtt et „nach“ e Gesetz dat et den Autoritéite verbitt, illegal agewandert Kanner länger wéi 20 Deeg „festzehalen“. Dëser zäitlecher Begrenzung soll elo en Enn bereet ginn, wat kloer géif bedeiten, datt déi Kanner op onbestëmmt Zäit wéi Verbriecher ewechgespaart kënne ginn. Dat wier en däitleche Verstouss géint Artikel 40 vun der UN-Kannerrechtscharta. A wat wëllen d‘USA elo?

Fir den Donald Trump soll dës Moossnam an éischter Linn als „Ofschreckung“ hierhalen. Wann ee Kanner an däischter Lächer stécht, esou dem Milliardär seng Virstellung, dann iwwerleeën sech déi Migranten et zweemol, iert se d‘Kanner illegal iwwert déi mexikanesch Grenz an d‘USA schécken.

KannerA mam Heemechtschutzminister Kevin McAleenan, kann sech den US-President op en treien a loyalen Alliéierte verloossen. De Minister huet awer och e pragmateschen Usaz a begrënnt dës zumindest „Frowierdeg“ Moossnam: „De Ureiz d‘Grenz illegal mat engem verletzleche Kand ze iwwerschreide muss en Enn hunn“. Et soll also ganz geziilt Gewalt géint Kanner ugewannt ginn.

Elo kéint ee mat eppes guddem Wëlle Versteesdemech dofir hunn, datt d‘Zuel vun den illegalen Awanderer aus Südamerika massiv geklomme sinn. Och datt et méi Famillje mat klenge Kanner sinn, déi versichen en neit Liewen opzebaue kann ee gutt halen. Mee sech u Kanner vergräifen?

KannerBis ewell war et esou, datt Immigrantekanner an engem méiglechst wéineg restriktiven Ëmfeld konnte festgehale ginn, dat awer mat der Oplag se esou séier wéi méiglech nees „fräi“ ze loossen. Hei war sech dann och op eng Frist vun 20 Deeg verstännegt ginn. Dat huet dem Donald Trump vun Ufank net gefall, well hien an dëser Regelung e Fräibréif fir déi illegal Awanderung erkannt huet.

D‘Regel gesäit vir, datt – no dësen 20 Deeg – nieft de Kanner och d‘Eltere musse fräi gelooss ginn, an sech uschléissend esoulaang op US-Buedem néierloosse kënnen, bis eng Entscheedung zur Asyl-Demande geholl gëtt. Ass et bis esouwäit, sinn déi meescht Awanderer net méi opzefannen.

KannerSollt et zu kenge Kloe kommen, dann trëtt dëst Gesetz bannent zwee Méint a Kraaft. Dat ass dann awer – schliisslech ass Wahlkampf – éischter onwahrscheinlech. Zum enge gëtt et och bei de Republikaner därer, déi sech net mat dësem Gedanke kënnen ufrënnen, zum anere wäert ee bei den Demokraten dergéint halen. Et dierft zum Widderstand vu Mënscherechtsorganisatioune kommen.

mat indymedia/nyc/bal

Foto: Aner Länner beleidegen a fir onfäeg erklären, dat ass en Talent dat een dem Donald Trump net méi kann ofschwätzen. Wien sech awer u Kanner vergräift, Geiselhaft als ofschreckend Mëttel géint illegal Migratioun versicht anzesetzen, mécht sech dem verbriechen un der Mënschheet schëlleg. – Kant Smith / Pixabay

Related topics Donald Trump, Inhaftéirung vu Kanner, Kevin McAleenan, Ofschreckung, UN-Kannerrechtskonventioun, USA
Next post Previous post