Sécheren Duerchgang an humanitär Hëllef

Et geet einfach net duerch. Dobäi misst ee sécheren Duerchgang an humanitär Hëllef ee Recht a keen Privileg sinn. D’Stad Mariupol an der Ukrain ass staark belagert.

Dausende Mënschen, dorënner och Dokteren ouni Grenzen, si vum Recht vun der Welt getrennt. D’Associatioun huet de Weekend de sécheren Duerchgang fir Ziviliste suivéiert.

Esou Geleeënheete fir Zivilisten aus Krichsgebitter ze flüchten, dierften eigentlech net zäitlech begrenzt sinn. D’Dokteren ouni Grenzen, wëssen ewéi geféierlech et fir Zivilisten ass, déi net goe kënnen. Dozou gehéiert och medezinescht Personal, wat sech entscheet dozebleiwen, fir sech ëm Kranker a Blesséierter ze këmmeren.

« All Situatioun ass anescht, mee iwwert eis joerzéngtelaang Beruffserfarung a Krichssituatiounen, wësse mir, datt humanitär Hëllef-Duerchgäng hëllefräich sinn. Mee et geet net duer, » seet de Stephen Cornish, Generaldirekter vun Dokteren ouni Grenzen.

« Heiansdo hu mir materlieft, datt Mënschen encouragéiert goufen, den Duerchgang zur Evakuatioun ze notzen. Mee et gouf een Zäitlimitt. Déi Leit, déi net konnten oder wollte flüchten, sinn mat extremer Gewalt konfrontéiert ginn. Mënsche goufe gefoltert oder ëmbruecht, dorënner vill Dokteren oder Zivilisten. »

Dofir fuerderen d’Dokteren ouni Grenzen, datt d’Krichsreegele vun allen Zaldote respektéiert ginn.

Dozou gehéiert ënnert anerem, ze vermeiden Zivilisten ze blesséieren. Ee sécheren Duerchgang ass dréngend noutwenneg, fir déijéineg déi flüchte wëllen. Geneesou ewéi humanitär Hëllef eng Verflichtung ass a kee Privileeg. Jiddwereen huet d’Recht op medezinesch Hëllef – mee dofir muss och Sécherheet garantéiert ginn.

Dernières nouvelles