Sea-Eye: 58 Persounen hunn ee sécheren Hafe fonnt

Gëschter huet d’Séinoutrettungsschëff SEA-EYE 4 den Hafe vu Pozzallo erreecht, 58 gerette Persoune konnte vu Bord goen.

Et war eng schwéier Rettungsmissioun. D’Ekipp vum Rettungsschëff huet e puermol matkritt, datt Malta hier Flicht zur Koordinéierung vu Séinoutfäll net erfëllt huet. Dat ass leider keen Eenzelfall.

De 24. Februar huet Malta een Noutruff vun ongeféier 50 Persounen a senger Rettungszon ignoréiert, déi italienesch Küstewuecht huet de Mënschen a Séinout schlussendlech gehollef.

Och de 6. Mee ass een Noutfall enregistréiert ginn – d’Containerschëff BERLIN EXPRESS huet dësen opgefaangen. Och hei huet Malta sech geweigert, eppes ze ënnerhuelen. Een anert Schëff (MRCC Bremen) huet de Rettungsasaz iwwerholl.

Vum 11. bis den 13. Mee huet Malta all weider Noutfäll ignoréiert. Dat ass esouwäit gaangen, datt een Handelsschëff ugewise gouf Distanz ze halen an net anzegräifen. Glécklecherweis konnt d’Rettungsschëff SEA-EYE 4 d’Mënsche sécher ophuelen.

« Datt Malta ofleent, Séinoutfäll ze koordinéieren an op Uriff oder E-Mailen net reagéiert, ass een inakzeptabelen Zoustand. Dës Mënscherechtsverletzunge mussen zu juristeschen a politesche Konsequenzen féieren. Dofir muss den Drock aus aneren EU-Memberstaaten méi grouss an d’Kritik méi haart ginn. Besonnesch d’Bundesregierung huet d’Flicht, hiren eegene Verflichtungen aus dem Koalitiounsvertrag endlech nozekommen a sech ëm d’Stierwen am Mëttelmier ze këmmeren. Bis elo sinn et leider nëmmen eidel Verspriechungen », seet de Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye.

Dernières nouvelles