De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin
Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung
Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung
Hie war jonk, attraktiv, sportlech an och nach intelligent: Den
Dräi Deeg no der Katastroph, déi Indonesien heemgesicht huet, ass
D’Nummer an d’Préifziffer op der Bankkaart erauszefannen, ass net schwéier. Schnell kann een esou Affer vu Bedruch a Mëssbrauch ginn. Aus dësem Grond huet d’Europäesch Kommissioun mat der Direktiv 2015/2366/EU beschloss, datt eng erhéicht Sécherheet fir den Online-Shopping noutwenneg ass. Gläichzäiteg soll d’Innovatioun gefërdert an neien Acteuren den Zougang zum Banksecteur opgemaach ginn.
War bis ewell d’Notzung vun 3D-Secure fir d’Commercen um Internet fräiwëlleg, esou ass d’Prozedur mëttlerweil obligatoresch. Bis Enn 2020 haten d’E-Commercen Zäit, sech op de Modell ëmzestellen. Schonn am viraus hunn déi meescht Lëtzebuerger Banken de System genotzt. Ab dem 15. Januar gëllt, datt Beträg ab 250 € an dëser Aart bezuelt musse ginn, ab dem 15. Februar sinn et Beträg ab 150 € an ab dem 15. Mäerz dann all Betrag.
An dësem Kader gëtt bei de Banken déi zweet Etapp vun der Identifikatioun per LuxTrust-App oder Token duerchgefouert. Laut BGL BNP Paribas ass d’3D-Secure-Funktioun um 1. Januar 2021 automatesch aktivéiert ginn.