Search

You may also like

Endlech! De Vel‘oH gëtt elektresch
Meenung réckbléck

Endlech! De Vel‘oH gëtt elektresch

Elektresch sollt de Vel‘oH! schonn zanter Méint sinn, mee „éischtens

Bosch, e ganz besonnesche Mann!
Meenung réckbléck

Bosch, e ganz besonnesche Mann!

Mat der Serie „Bosch“ proposéiere mir Iech e klenge Amazon-Prime-Geheimtipp.

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
Meenung réckbléck

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

D‘CSV erkennt d‘Sécherheet als Grondrecht (kommentéiert)

Mir brauchen dréngend eng Hierarchiséierung vun de Prioritéiten am Land, wëll no Logement a Klima, wier laut de chrëschtlechsozialen elo d‘Sécherheet och eng politesch Prioritéit

D‘CSV erkennt d‘Sécherheet als Grondrecht (kommentéiert)

Op der Pressekonferenz en Donneschdeg, huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth – hien ass och de Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer, enger Gemeng där Problemer wéi déi an de Quartiere Gar a Bouneweg éischter Friem sinn – emol aleedend festgehalen: „Sécherheet a Fräiheet sinn 2 Säite vun enger rechtsstaatlecher Medaile. Sécherheet ass dobäi kee Luxus, mee ee Grondrecht“.

Stëmmt, do huet de Co-Fraktiounschef scho Recht, an hie verweist jo an dësem Kontext och op déi sozial méi schwaach Mënschen an der Gesellschaft. U sech ee gudden Usaz, woubäi jo elo den Asaz vu schwaarze Sheriffer duerch de Stater Schäfferot, an éischter Linn geduecht d‘Geschäfter virun der Presenz vu „louche Gestalten“ ze befreien. A jo d‘Police ass mat dësem Quartier iwwerfuerdert.

CSV

Mee geet et der CSV faktesch ëm d‘Leit an de betraffene Quartieren, oder geet et net awer vläicht méi konkret ëm d‘Stäerkung vun der Sécherheet, dat iwwer den Ëmwee vun der Liberaliséierung vum Gewaltmonopol? Brauch et déi total Iwwerwaachung – inklusiv Kameraen, méiglechst mat Gesiichtserkennung – a muss entschidde méi repressiv géint de sozialen Aarmut virgaange ginn?

Verantwortlech Scholdzouweisung

De CSV-Vetrieder aus dem Stater Gemengerot, zesumme mat der DP an der ADR, schéngt dat eng ënnert ville weidere Moossnamen ze sinn, déi zäitno sollt ugewannt ginn. D‘CSV stellt weider fest, datt et an der Praxis keng Sécherheet huet. An de Schäffen/Deputéierten, Laurent Mosar, trëfft wéi gewinnt den Nol op de Kapp. Et ass no net wéi wann de Problem nei wier, firwat hie feststellt:

CSV

„Grad dëst Grondrecht (op Sécherheet) gëtt et bei Blo-Rout-Gréng nëmmen um Pabeier. D‘Minister Schneider, Bausch an elo och Kox, hu wuel ëmmer vill versprach, mee an der Praxis ass um Terrain déi wierklech Sécherheet ni ukomm. Besonnesch am Garer Quartier kann een dat dagdeeglech gutt observéieren. Mee och zu Esch-Uelzecht a Wolz, kritt d‘Regierung d‘Sécherheet net assuréiert“.

Eng mindestens „krass“ Behaaptung, déi allerdéngs schonn hir Wourechten enthält, bezunn op déi ominéis Kompetenze vun den hei vum Laurent Mosar genannte Polithelden. Elo ass allerdéngs de Problem net eréischt ënnert der sougenannter Gambia-Koalitioun entstanen, ënnert den diversen a variéierte CSV-Regierungen, goufen d‘Grondlage fir de bestoende Misär a Chaos geschafen…

Dem Jurist säi Privileg

Fir de Wirtschafts- a Logementsaffekot, den Deputéierte Léon Gloden – och hie Vertrëtt éischter net d‘Interesse vun den uewe genannte „Schwaachen“ – muss elo alles ënnerholl ginn, fir dat d‘Police sech nees op hir eigentlech Missioun: d‘Sécherheet vun de Bierger, konzentréiere kann. Si sollt vun administrative Laaschte befreit ginn. Ganz ouni Pabeierkrom wäert d‘Police awer net auskommen.

CSV

Et sinn dann och net d‘Polizisten, jo net emol d‘Direktioun vun der Police schold. Et huet einfach net genuch Leit, wat och net exklusiv der Gambia-Koalitioun zouzeschreiwen ass. Et war bis dohin d‘CSV – ëmmer mat engem Domme fir matzemaachen, hei virzuchsweis déi liberal oder d‘Kaviar-Sozialisten – déi et verpasst hat d‘Jalone fir eng effikass a personell ausstafféiert Police ze setzen.

Mee gutt, et ass schonn esoulaang hir, datt d‘CSV un der Muecht war, do ka schonn emol de Stëbs vun der Vergaangenheet d‘Sicht op onbeléift Fakten eppes verhënneren. Zudeem ka sech d‘CSV hei op de Stater Koalitiounspartner DP verloossen. Och d‘DP-Fraktioun am Stater Gemengen- a Schäfferot, ass jo maximal an de Chamber vertrueden. Politesch géif et do schonn eppes Usätz.

Si schwätze vu Mënschen…

Wou et verwonnerlech gëtt, och wann dat natierlech zum politeschen Handwierk gehéiert, ass d‘Fuerderung vum CSV-President an Deputéierte Claude Wiseler: „Et geet elo drëms, konkret Resultater fir d‘Mënschen ze liwweren. Als CSV huele mir d‘Suerge vun de Mënschen eescht a fuerdere vun der Regierung dat och ze maachen. Fräiheet ouni Sécherheet ass eng Illusioun!“.

CSV

Wann et dat weider spënnt, kann een och behaapten: „Sécherheet ouni Preventioun geet net!“. D‘CSV, déi jo awer iwwer Joerzéngte regéiert huet (a vill vun hiren aktuelle Rabbelkäpp an der Chamber / dem Stater Gemengerot), hat seelen ee Gefill fir demographesch a gesellschaftlech Entwécklung. Hätt et deem Rechnung gedroen, wier opgefall, datt ee preventiv muss virgoen.

Bleift nach – éier een zu de Fuerderungen iwwergeet – kuerz festzehalen, datt bei der CSV de Begrëff „Mënsch“ net zwéngend der Definitioun aus dem Lexikon entsprécht, also net „jidderee gemengt ass. Dat huet ideologesch Grënn an trëfft esou op eigentlech all politesch Parteien zou. Politik ass d‘Vertriedung vu ideologesch fundéierten Interessen, net déi vun der Gesellschaft.

8 Punkte fir méi Sécherheet

  1. Systematesch Policepatrullen op de Stroosse vun de Brennpunkten – Mir dierfen hei net op de Bobby Waarden. Mir brauchen elo hei méi Policepresenz an de gefäerdete Quartieren. Ze Fouss oder um Vëlo. Net nëmmen a Gefierer. Wann et net anescht geet muss hei kuerzfristeg Personal ëmgeschicht ginn. Mëttelfristeg muss d‘Regierung wesentlech méi Beamte bei der Police astellen. Et brauch och ee méi attraktiivt Beruffsbild.
  2. Systematesch Videoiwwerwaachung vun de Brennpunkten – D‘Videoiwwerwachung muss ausgewäit ginn. Si schreckt noweislech of, (stëmmt esou net) a liwwert bei enger Strofdot oft déi Hiweiser, déi zu enger Iwwerféierung vun den Täter féieren (dat geet sech op). An natierlech muss d‘Iwwerwaachung strikt am Respekt vum Dateschutz an de Mënscherechter erfollegen.
  3. Zäitno Aféierung vum „Plazverweis“ fir d‘Police – Aktuell huet d‘Police keng Méiglechkeet potentiell „Gefäerder“ vun enger ëffentlecher Plaz an/oder Strooss ze verweisen. Praktesch Sécherheet ass ouni ee praktesch duerchféierbare Plazverweis onméiglech. D‘Instrument vum „Sécherheetsperimeter“ geet sech net duer. D‘CSV huet an dësem Sënn ee Gesetzestext virgeluecht dee vun der Koalitioun blockéiert gëtt.
  4. Aféierung vu Kierperkameraen an Taser – Erfarungsberichter aus dem Ausland weisen, datt Kierperkameraen d‘Beamte schützen. Si dokumentéieren den Asaz a wierken deseskaléierend. Hëllefräich sinn zudeem Taser, also Apparater déi en Elektroimpuls zur Neutraliséierung vum Géigner asetzen. Déi kënnen den Asaz vu Schosswaffe verhënneren.
  5. Regulär Gefaangenentransporter solle vun de Strofvollzuchsbeamten duerchgefouert ginn – D‘Police nach just bei Transporter mat besonnescher Gefäerdungslag agesat ginn. Esou kënne kuerzfristeg méi Poliziste fir Policepatrulle fräigestallt ginn. Natierelch erfuerdert dat och d‘Bereetstellung vun den noutwennege Gefierer an der Ausrëschtung fir d‘Giischtercher.
  6. Méi attraktiv a gerecht Carrière fir d‘Polizisten – Méi Gerechtegkeet ass virun allem bei de Carrière C1 a B1 erfuerderlech. Hei leeschte Polizisten derzäit déiselwecht Aarbecht, ginn awer ënnerschiddlech bezuelt (Mixitéit vun de Carrièren). Zudeem goufen d‘Verspriechen am Kader vun de Policereform géintiwwer C1-Beamten net ageléist.
  7. Besser Begleedung vun de Polizisten – Déi psychologesch wéi materiell Begleedung vu betraffene Policebeamte muss verbessert ginn. D‘Police leescht eng aussergewéinlech a geféierlech Aarbecht, fir de Staat, d‘Gesellschaft an d‘Allgemengwuel. Der Staat muss an Noutsituatiounen de Poliziste bäistoen.
  8. Ännerung vum Jugendschutzgesetz – Et kann net sinn, datt de Staat keng Befugnisser huet, fir géint mannerjäreg awer potentiell Brigange virzegoen. Och dës mussen – natierlech am Respekt vun der Onscholdsvermuddung an dem Jugendschutz – bei schwéiere Strofdote kënne festgesat ginn. Och hei huet d‘CSV eng Gesetzespropositioun (Mosar/Roth) virgeluecht.

Illustratioun: © ADESP

Related topics Brennpunkt, Claude Wiseler, CSV, Gilles Roth, Kierperkameraen, Laurent Mosar, Leon Gloden, Plazverweis, Quartier Bouneweg, Quartier Gar, Repressioun, Taser, Videoiwwerwaachung
Next post Previous post