Search

You may also like

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn
Neiegkeeten

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn

Kléngt no engem schlechte Witz, dobäi ass et eisen däitschen

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz
Neiegkeeten

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz

No enger nationaler Risikoanalys (NRA), déi vum Forest Stewardship Council

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag
Neiegkeeten

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag

Huet ären Auto een Numm? Bei de kuriose Feierdeeg ass

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?

Fir dës Fro ze beäntwerten, lancéiert de STATEC eng grouss Enquête an dir sollt matmaachen

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?

Ab dem 1. Oktober start de STATEC – den nationalen Institut vun der Statistik an ekonomeschen Etüden – an Zesummenaarbecht mat der groussherzoglecher Police eng grouss Enquête zur Sécherheet zu Lëtzebuerg.

D‘Enquête soll Informatiounen zu den Delikter a Verbrieche liwweren, déi Residenten iwwer 16 Joer erlidden hunn. Zudeem soll ermëttelt gi wéi zefridden dës Populatioun mat der Aarbecht vun der Police an de Geriichter ass. D‘Froebéi ginn an dräi Wellen tëscht Oktober a Joresenn zougestallt.

An dësem Kontext dierf drop higewise ginn, datt et an der Enquête och drëms geet erauszefannen, wéi et ëm d‘Sécherheetsgefill vun de Leit bestallt ass. Wéi gi si mat esou Problemer wéi Drogen a Vandalismus an hirem direkten Ëmfeld ëm? Wat hu si ënnerholl fir hir Sécherheet ze assuréieren?

Andeems d‘Leit Angaben zu de verschiddenen Déifstallsmethoden (Abroch, Auto geklaut, Déifstall mat an ouni Uwennung vu Gewalt) an zu allen aneren Incidente maachen déi d‘Wuelbefannen affektéieren, erméiglechen Si d‘Erstelle vun enger wichteger Informatiounsquell zu Kriminalitéit.

D‘Enquête zur Sécherheet gëtt iwwert den Ëmwee vun engem Online-Questionnaire – dee vum STATEC ausgeschafft gouf – gemaach. De Questionnaire ass dann och a fënnef Sprooche verfaasst ginn: lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, englesch a portugisesch. Wie soll alles hei deelhuelen?

Et gëtt en zoufällegen Echantillon vu 15.000 Residenten (déi méi wéi 16 Joer al sinn) aus dem Regëster vun de physesche Persounen (RNPP) gezunn. Déi ginn dann agelueden de Questionnaire Online auszefëllen, an erhalen zu dësem Zweck ee „login“ an ee personaliséiert Passwuert.

Leit déi net gewëllt sinn hir Äntwert Online ofzeginn, hunn dann nach d‘Méiglechkeet un der Enquête per Telefon deelzehuelen. Et ass déi däitsch Entreprise INFAS (Institut für angewandte Sozialwissenschaft GmbH) déi sech ëm déi telefonesch Entretiene këmmert.

Illustratioun: © Amber Kipp / unsplash

Related topics Ëmfro, Enquête, Justiz, Kriminalitéit, Kriminalstatistik, Police, Sondage, Statec
Next post Previous post