Search

You may also like

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert
Meenung Neiegkeeten

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

Houfreg presentéiert d’Stad Esch säin neie Projet „E-Senior“. Zil ass

Joan As Police Woman – Dëse Mëttwoch an der Kulturfabrik!
Meenung Neiegkeeten

Joan As Police Woman – Dëse Mëttwoch an der Kulturfabrik!

D’Singer/Songwriterin Joan As Police Woman (aka Joan Waaser) aus den

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert
Meenung Neiegkeeten

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert

Nodeems den NATO-Generalsekretär sech beim US-President zum Rapport gemellt hat,

Sécherheet vun de Foussgänger

Déi onentschëllegbar Negligence vun der Stad Lëtzebuerg

Sécherheet vun de Foussgänger

Wéi et vu „wort.lu“ elo opgedeckt gouf, disposéiert de Stater Schäfferot zanter 2015 iwwert en Audit, an deem eng vun enger „generell desastréiser Situatioun am Bezuch op d‘Sécherheet vun de Foussgänger rieds ass“. Et geet ëm ze enk Trottoiren, ze laang Waardezäite bei den Iwwergäng, déi ze héich zoulässeg Héchstgeschwindegkeet vum Verkéier, asw.

Den Audit huet gläichfalls konkret Léisunge virgeschloen, fir dëser Situatioun ze begéinen. Esou beispillsweis d‘Reduktioun vun de Parkplazen, wéi och d‘Begrenzung vun der Unzuel vun de Spueren déi dem Individualverkéier virbehale sinn, fir d‘Trottoire méi breet ze maachen. Et misst d‘Geschwindegkeet begrenzt a verschidde Stroossen ganz zu Foussgängerzonen (wéi z.Bsp. De Gruef) ëmgewidmet ginn. Dat ganzt ouni de Verkéiersfloss ze behënneren.

Am Audit gouf zudeem virgeschloen, datt ee vun den Aarbechten um Tram-Reseau profitéiere sollt, fir all dës noutwenneg Reamenagementer ze realiséieren. Bedauerlecherweis huet sech de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot derzou entscheet dëse Rapport ze ignoréieren. déi lénk Stad, denoncéieren dës deliberéiert Ontätegkeet vum Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot, am duebele Sënn net ze entschëllegen ass.

Zum enge stellt dat ee manifeste Verstouss vun der legaler Verflichtung vun de kommunalen Autoritéiten, op d‘Sécherheet an d‘Gesondheet vun alle Benotze vum ëffentleche Raum uecht ze dinn. Zum aneren, ass de Fait datt de Schäfferot een Audit finanzéiert, fir uschléissend d‘Conclusiounen ze ignoréieren, an och net vun den Aarbechten um Tram-Reseau profitéiert huet, fir ee seriéisen an nohaltege Reamenagement vun den Haaptverkéiersachsen (op der ganzer Längt vum Boulevard Royal, d‘Avenue Emile Reuter oder nach de Boulevard Roosevelt) virzehuelen, eng Verschwendung vu Steiergelder.

déi lénk Stad, ass ëm esou méi veriergert, well hir Vertrieder am Gemengerot, wéi och an den zoustännege Kommissiounen, reegelméisseg drop higewisen hunn, datt een déi dem Auto reservéiert Plaz reduzéiere muss, fir d‘Sécherheet vun de Foussgänger an de Cyclisten am Zentrum ze verbesseren. All kéiers hunn d‘Buergermeeschtesch an de Schäfferot sech deem widdersat, an dobäi haten Si en Audit virleien, deen zimmlech déiselwecht Conclusiounen enthalen huet.

Fir déi lénk Stad, weist d‘Affär vum Audit zur Sécherheet vun de Foussgänger eemol méi, datt a Punkto Mobilitéit, de Schäfferot generell an d‘Buergermeeschtesch a besonneschen, an den 1980er Joren hänke bliwwe sinn. Si stinn am totale Widdersproch zu den Aspiratioune vun enger stänneg wuessender Zuel vu Bierger a Biergerinnen, déi sech eng Stad vun humaner Gréisst wënschen. Si befannen sech zudeem a Kontradiktioun mat hiren Engagementer, déi Si als Deputéiert agaange sinn. Dat am Kader vun den Aktiounspläng fir de Klima.

Et gëtt héich Zäit dës Leit duerch eng Ekipp auszewiesselen, déi eng méi den haitegen Erausfuerderungen adaptéiert Politik unzebidden huet.

Matgedeelt vun déi lénk Stad – fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser – d‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: Candid Shots / pixabay

Related topics Audit, déi Lénk Stad, Foussgänger, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg, Verkéier
Next post Previous post