Search

You may also like

Eist Holz – D’Ressource am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft notzen
Meenung Neiegkeeten

Eist Holz – D’Ressource am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft notzen

Eis Bëscher bidden nieft dem Liewensraum fir zuelräich Aarten an

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen
Meenung Neiegkeeten

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech
Meenung Neiegkeeten

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Et ass nach guer net esou laang hier, do wousst

Editorial: Sécherheetspolitik oder politesch Sécherheet?

Editorial: Sécherheetspolitik oder politesch Sécherheet?

Nodeems den interministerielle Rapport zu Lag vun der Drogekriminalitéit dann elo de Wee an d‘Ëffentlechkeet fonnt huet, kann sech och politesch dozou geäussert ginn. De Rapport, deen op den 2. Mäerz datéiert ass, an nëmmen 10 Wochen de Medieschaffende virenthale gouf, ass gutt a verständlech, keng Scholdzouweisung mee dofir eng Bestandsopnam mat Léisungsvirschléi.

Et geet heiranner natierlech och ëm d‘Stad Lëtzebuerg an déi fir d‘Quartiere Gar a Bouneweg eppes méi spezifesch Problemer, bezunn op de Fait datt eng Rei „Servicer“ – déi et brauch – vill droleg Gesellen an dësem Areal zesummenzitt. Et sollt een hei och bedenken, datt d‘Ëmfeld vun der Gar zu Lëtzebuerg, sech net grondsätzlech vun deenen aus aneren EU-Haaptstied differenzéiert.

Dës sougenannt interministeriell Note, gëtt dann elo awer vun der Politik opgegraff an jee no Gefill oder ideologescher Ausriichtung bewäert. Fir den Deputéierten an zanter Joerzéngten a senger Gemeng aktive Kommunalpolitiker Laurent Mosar, dee voller luef fir d‘Bestandsopnam u sech ass, awer och nees séier mat der Scholdzouweisung hantéiert, ass dat ganz een S.O.S. vun der Police.

Fir déi sportlech agestallte Presidentin vun der Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet, Stéphanie Empain, bréngt dës Situatiounsiwwersiicht mat sech, datt jidderengem erkenntlech gëtt, datt een net alles mat Repressioun gereegelt kritt, a sech folgerichteg méi ëm Preventioun muss gekëmmert ginn. Si erwaart sech, datt déi kommunal a staatlech Instanze besser kooperéieren.

Datt dat rhetoresch-politescht Geplänkels elo keng Hëllefsstellung ass, an sech besonnesch déi an de betraffene Quartiere liewend Awunner, méi iwwer Léisunge wéi politesch Selbstdarstellung freeë géifen, dierf een net iwwerbewäerten. Vill Problemer sinn Hausgemaach, an d‘Tatsaach, dat hei – wéi bei bal Allem – iwwert Joerzéngten näischt ënnerholl gouf, ass net der Police zouzeschreiwen.

Illustratioun: © Brian Wertheim / unsplash

Related topics Drogekriminalitéit, ëffentleche Raum, Interministeriell Note, Police, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post