Search

You may also like

Reorganisatioun vum City-Bus zu Wolz
Neiegkeeten Stories

Reorganisatioun vum City-Bus zu Wolz

Wéi d‘Gemeng Wolz informéiert, gëtt ab dem 15. Dezember de

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf
Neiegkeeten Stories

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst
Neiegkeeten Stories

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

Haut ass de Fast Food Day. Op mannst an den

Eng Maniff fir „Séchert Vëlofueren Elo!“

Eng Maniff fir „Séchert Vëlofueren Elo!“

Nodeems d‘Asbl ProVelo déi lescht Woch zu enger Vëlosmaniff agelueden, an eng Demande bei der Gemeng agereecht hat, gouf et emol fir unzefänken ee Refus, du koum den Dissens, iert dann d‘Geneemegung erdeelt gouf, wuel well een d‘Juristen net beméie wollt.

An esou heescht dann elo:

„No laangem Hin an Hier luede mir Iech elo offiziell fir eis Vëlosmaniff an der Stad de Samschde 05. Juni an: Um 15:00h treffe mir eis op der “Place du Saint Esprit” (Cité Judiciaire) fir vun do aus eisen Tour ze starten.

Eis Visioun „Safe Cycling NOW“ baséiert op dem Gedanken, dass jiddereen dee Loscht huet Vëlo ze fueren, dëst ënnert de beschtméiglechsten a sécherste Konditioune soll maache kënnen. Mir wëllen also mat eiser Maniff engersäits Fuerderungen un déi politesch Responsabel stelle fir dëst ze erreechen, anerersäits visibel ginn an d’Gesellschaft fir dës Iddi sensibiliséieren. Mir invitéiere dofir all Vëlosfuerer sech mat eis op dësem Samschdeg, zwee Deeg nom Weltdag vum Vëlo (03.06.) fir méi Plaz fir de Vëlo anzesetzen.

Äert ProVelo.lu Team“

E puer Grondlagen

Am Kontext vun dëser Manifestatioun an dem Dissens dee sech erginn huet, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt et keen Dialog tëscht dem Stater Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot am Pandemiejoer 2020 ginn huet. Zumindest weist d‘Asbl ProVelo drop hinn, datt et keen direkte Kontakt ginn huet. Dat ass bosseg, wa gewosst ass, datt de Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt, an d‘Presidentin vun der Asbl ProVelo, eigentlech ee gudden Drot zu enaner hunn.

Wéi entsteet e Problem?

Viru gutt engem Mount huet d‘Asbl ProVelo bei den zoustännege Servicer vun der Stad Lëtzebuerg d‘Demande zur Geneemegung vun der Manifestatioun agereecht. Eigentlech – a bezunn op déi vill Demonstratiounen déi et zanter Wochen an der Stad huet – éischter eng Formsaach, wéi datt ee sech misst op eng Ofso, respektiv ee Refus astellen. Deen awer koum, spéit sécherlech, mee däitlech.

Maniff

Am Argument zum Refus – dat via Twitter matgedeelt gouf – heescht et den 28. Mee: „D‘Stad evaluéiert d‘Demande vu Manifestatiounen no ënnerschiddleche Kritäre, wéi d‘Disponibilitéit vun de Plazen an den Impakt op d‘Zirkulatioun. Well op dësem Datum schonn eng grouss Manifestatioun programméiert ass, huet d‘Stad ProVelo agelueden en neien Datum virzeschloen“.

Maniff

Aus anerer Quell heescht et datt op dësem Dag keng Plaz fir Vëloen an der Stad huet, well den traditionelle Stroossemaart stattfënnt, deen ëmmer ganz vill Leit unzitt. Wat jo wuel ProVelo géif entgéintkommen, well hir Message sollt gehéiert a gesi ginn. A wéinst Covid19 ass et net méiglech de Parking bei der Gëlle Fra ze spären. Mat esou Sätz schaaft ee schlecht Stëmmung an Dissens.

Mir sinn ee Rechtsstaat

Zum Gléck ass Lëtzebuerg net Ungarn, an de Verbuet/Refus werft hei och rechtsstaatlech Froen op, firwat dann zu gudder Lescht ze begréissen ass, datt dës Manifestatioun elo awer stattfanne kann. Et gëtt sech dann eben um Helleggeescht-Plateau getraff, fir de Stroossemaart bei der Gëlle Fra net an d‘Bredouille ze bréngen. Zudeem ass ee Vëlo-Aktivist jo och ee potentielle Konsument… oder net?

Maniff

Fir de liberal-konservative Schäfferot ass en Demonstrant awer elo kee Konsument, mee eng Gefor. Besonnesch wou de Vëlo u sech schonn eng Bedreeung duerstellt. Et soll aktivistesch Gruppe ginn, déi sech deraart kriminell verhalen, datt ee scho bal vun Extremismus schwätze muss. Am Ausland beispillsweis, gi Kanner reegelrecht endoktrinéiert an zu Ëmweltterroristen ausgebilt. (mir hunn de Beweis eppes méi ënnen agepecht)

Maniff

Stress gëtt et dann och tëscht der Asbl ProVelo mat de Kolleege vun Delano, déi wuel eppes vill d‘Positioun vun eben dem Schäfferot schénge vertrueden ze hunn. Hei muss een awer dann och respektéieren, datt Medie fräi entscheeden dierfen, wiem seng Interesse si vertriede wëllen. ProVelo mécht jo keng Reklamm, an et ass legitim, eng wirtschaftlech fundéiert Siicht opds‘Saach ze hunn.

Et geet jo awer gemaach…

Wat dann awer de Vëlo u sech an d‘Stad Lëtzebuerg betrëfft, esou ass et net wéi wann näischt géif gemaach ginn, an natierlech kann näischt séier genuch goen. Richteg ass och datt de Schäffe Patrick Goldschmidt e fervente Verfechter vun der doucer Mobilitéit ass. Hien engagéiert säit Joren dofir, huet allerdéngs net ëmmer déiselwecht Siicht wéi ProVelo, firwat „Dialog“ esou wichteg ass.

An de Verkéiersschäffen huet jo eigentlech och nach d‘Aufgab, all Mobilitéitsform „gläich“ ze behandelen. Et brauch ee séchere Raum, fir d‘Foussgänger an d‘Cyclisten, an de motoriséierte Verkéier, inklusiv ëffentlechen Transport, muss erméiglecht bleiwen. Et jidderengem Recht maache geet erwisenermoossen net. Eppes iwwert de Knéi briechen, och dat ass gewosst, hëlleft kengem.

Maniff

Dat elo d‘Maniff méiglech ass an sech d‘Gemidder nees eenegermoosse berouegt hunn, sollt ee begréissen dierfen. Den Dissens weist eis nees wéi wichteg Kommunikatioun ass, grad ëmmer da wann d‘Zivilgesellschaft – vun där d‘DP jo erwaart datt se sech abréngt – an d‘Politik sech frontal an ouni ugestréckt ze sinn ze pake kréien. Da verrutscht den Dialog an d‘Sozialnetzwierker…

maniff

Wichteg: Jidderee fiert op seng eege Verantwortung mat. D‘Asbl ProVelo biet Iech, falls och dir un dëser Maniff wëllt deelhuele, folgend Reegelen anzehalen, fir en sécheren Oflaf ze garantéieren :

• Respekt vum Code de la Route

• mir fueren net iwwert den Trottoir

• an halen eis un de Respekt een vis-à-vis vum aneren

• Respekt vun de sanitäre Mesurë -> Eng Mask undoen, wann d’zwee Meter Reegel net kann agehale ginn

Related topics Asbl ProVelo, Douce Mobilitéit, et Rullt, Manifestatioun, Rechtsstaatlechkeet, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post