Search

You may also like

Dem Streik um Findel aus dem Wee gaangen
International Neiegkeeten

Dem Streik um Findel aus dem Wee gaangen

Nodeem e Mëttwoch de Minister, d’Gewerkschaften an d’Personalvertriedung, sech op

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten
International Neiegkeeten

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten

E Méindeg huet den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli
International Neiegkeeten

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner

Sechs Joer Krich am Jemen: Si verléieren hir Famillen, d’Heemescht an d’Hoffnung

Sechs Joer Krich am Jemen: Si verléieren hir Famillen, d’Heemescht an d’Hoffnung

Méi wéi 250.000 Doudeger, 20 Millioune Mënschen déi op humanitär Hëllef ugewise sinn, eng Wirtschaft déi komplett um Enn ass a Leed ouni Enn – dat ass d’Resultat vu sechs Joer Krich am Jemen. Dobäi kommen ënnererniert Kanner an ëm 4 Millioune Mënschen, déi ënnerhalb vun hirem Land verdriwwe goufen.

D’Safia Mohammed, Mamm vu fënnef Kanner, weist eis ee vu villen schmäerzhafte Schicksaler. Eigentlech hat hir Famill friddlech am Bezierk Sa’ada am Nordjemen gewunnt. Wou de Krich ausgebrach ass, wollte si Sécherheet am Nopeschbezierk fannen. Enges Dages huet si hire Bouf op de Maart geschéckt, fir Weess ze kafen. Kuerz drop huet et un der Dier getockt.

De Grupp virun der Dier huet d’Kierperdeeler vum Jong gehalen. Hie war op eng Landminn getrëppelt an dobäi ëm d’Liewe komm. An dëst ass leider keen Eenzelfall. D’Bevëlkerung huet alles verluer – Familljememberen, d’Heemescht, d’Hoffnung op Besserung. Grad déijéineg, déi näischt mam Konflikt ze dinn hunn, leiden am meeschten ënnert de Konditiounen a bezuelen en héije Präis fir iergendwéi ze iwwerliewen.

D’Suha Basharen ass fir CARE als Gender-Spezialistin am Jemen agesat. Och si huet bei all Loftugrëff Angscht ëm hir Kanner, zemools wa si an der Schoul sinn. „Et brécht mir d’Häerz, wann ech verdriwwe Fraen a Kanner gesinn, déi alles zeréckloosse missten.“

An dobäi gëtt et ëmmer manner Hëllef. Den Aaron Brent, CARE-Lännerdirekter am Jemen, erkläert d’Situatioun: „No sechs Joer Krich ass d’Ausmooss vun der Zerstéierung am Jemen enorm. Hëllefsorganisatiounen wéi CARE schaffen onermittlech dorun, de Sputt zou ze maachen a verzweiwelte Famillje mat liewensrettender Hëllef ze ënnerstëtzen. Mee mir kënne just noutdierfteg Lächer stoppen, zudeem hëlt d’Finanzéierung duerch international Geber of. Déi eenzeg Léisung kann just en integrative Friddensprozess sinn, fir dee sech elo all international Acteure mat Nodrock asetze mussen.“


Zënter 1992 ass CARE am Jemen aktiv. Ronn 400 Mataarbechter hu schonn a 14 Bezierken mat liewensnoutwenneger humanitärer Hëllef gebueden. Si hunn ënnert anerem Liewensmëttel, Drénkwaasser an Ariichtung vu Sanitäranlage verdeelt. Et sinn 4 Joer, datt och CARE Lëtzebuerg mat private Spenden, sou wéi der Zouwendung vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Affären vum Lëtzebuerger Bausseministère Ënnerstëtzung offréiert.

Opmaacherbild: Loftugrëff an der jemenitescher Haaptstad Sanaa um 12. Juni 2015 (CC BY-SA 4.0)

Related topics Aaron Brent, CARE Lëtzebuerg Asbl, Doudeger, Finanzéierung, Friddensprozess, humanitär Hëllef, Jemen, Krich, Leed, Safia Mohammed, Suha Basharen, Verloscht
Next post Previous post