Search

You may also like

Ee „kuh“riéisen Aktiounsdag: Zu Éiere vun der Kou
Neiegkeeten

Ee „kuh“riéisen Aktiounsdag: Zu Éiere vun der Kou

Den Éierendag vun der Kou fënnt all Joer den 9.

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer
Neiegkeeten

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer

Et war erëm un der Zäit a bei beschtem Summerwieder

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?
Neiegkeeten

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?

Well sech Polen an Ungarn missten un EU-Recht an EU-Wäerter

Policebericht: Sechs „richteger“?

Policebericht: Sechs „richteger“?

Datt Alkohol hannert dem Steier näischt ze sichen huet, misst bekannt sinn, firwat ee gutt beroden ass, säi Gefier stoen ze loossen, wann engem eppes um Führerschäi geleeën ass. Zudeem bréngt ee sech an anerer onnéideg a Gefor…

An der Nuecht op ee Samschdeg awer huet d‘Police nees sechs Chauffere missen op de richtege Wee bréngen. Den Ufank huet een a Schlaangelinne gesteiert Gefier op der A4 gemaach. D‘Police gouf alertéiert nodeems bal zum Accident koum. Den Auto konnt zu Esch Uelzecht an der Berwart-Strooss ugehale ginn. De Mann hannert dem Steier war siichtlech „gebrach“ an den Test war iwwer Mooss positiv. Et war dësem dann uschléissend och net méi méiglech den zweeten Test um Büro ze vollzéien, firwat eng Bluttprouf am Spidol gemaach ginn ass. Et huet schonn ee Fuerverbuet géint de Mann virgeleeën.

Um hallwer zwou ass enger Patrull um Wandhaff ee Gefier opgefall, datt mat héijer Vitess säin Auto a Richtung Käerch gesteiert huet. Zu Käerch an der Stengeforter-Strooss konnten d‘Beamte stoppen an hunn ee Otemtest beim Chauffer virgeholl. Dëse war positiv an esou huet de Pilot seng Lizenz vun der Police ofgeholl kritt.

Géint 2 Auer waren nees déi Escher Poliziste gefrot. Um Boulevard Prënz Henri koum dësen en Auto zimmlech mëtteg an der Strooss entgéint, fir da mat eppes Wuppes an d‘Strooss vum 1. Mee ofzebéien. D‘Gefier konnt zäitno gestoppt ginn. Bei der Kontroll huet sech de Polizisten de Verdacht opgedrängt, datt d‘Persoun ënner Alkoholafloss, méiglecherweis esouguer Drogenafloss steet. Déi an dësem Fall virgeschriwwen Tester wollt de Chauffer dann awer net iwwert sech ergoe loossen. Aus dësem Grond gouf de Führerschäin agezunn a Protokoll erstallt.

Um 2.20 Auer huet e Chauffer misse stoe bleiwen, nodeem hie wéinst senger onkonventioneller Fuerweis der Patrull opgefall war. Och hei huet den Otemtest aus- an d‘Police zougeschloen. Well den Héchstwäert zolidd iwwerschratt war hu si de Führerschäin agezunn.

Zur gläicher Zäit am Raum Schengen: d‘Nationalstrooss gouf wéinst dem steigende Pegel vun der Musel gespaart an d‘Police huet eng Ronn gedréint, fir sech ze iwwerzeegen, datt kee méi an der Géigend ënnerwee ass. Dobäi hu si een ofgestallt Gefier erbléckt, an deem de Mann hannert dem Steier zolidd geronkt huet. Et huet eppes gedauert bis d‘Beamten de Chauffer erwächt kruten. Aus dem Gefier huet sech ee staarken Alkoholgeroch ausgebreet. Den Test war positiv ee Fuerverbuet gouf op der Plaz ausgeschwat an den Auto aus der Geforenzon evakuéiert.

Nach emol Wandhaff: Um Terrain vun enger Tankstell huet sech géint 3.20 Auer e Grupp Jonker opgehalen, déi sech onmanéierlech beholl hunn, firwat d‘Police geruff gouf. Am Kontext vun der Kontroll, déi an dësem Zesummenhang ufälleg war – ëmmerhi war jo eng Persoun mam Auto do – huet de Chauffer, dee gläichfalls dem Alkohol iwwer Mooss zougeschwat hat, säi Führerschäin dierfen a sécher Hänn iwwerginn.

Kuerz viru sechs Auer hat ee Chauffer déi wierklech ganz schlecht Iddi, enger Patrull vun der Police an der Other-Strooss d‘Virfaart streideg ze maachen. Esou eppes féiert zwangsleefeg zur Kontroll an déi enthält bekanntlech den Otemtest. Dësen ass positiv verlaf, firwat dann och dëse Führerschäin elo entwäert ass.

Related topics Alkohol, Führerschäin, Otemtest, Police, Policebericht, Verkéierskontroll
Next post Previous post