Search

You may also like

Verkéiersaccidenter: Bilan 2019
International Neiegkeeten Stories

Verkéiersaccidenter: Bilan 2019

Um Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch (déi gŕeng) déi

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn
International Neiegkeeten Stories

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn

Méi wéi 17 Tonnen humanitär Versuergungsmëttel, Medikamenter a medezineschem Material

What the Fakt – De Saturn a seng Réng
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De Saturn a seng Réng

Den technesche Fortschrëtt erlaabt et eis, d’Bild vun eiser Ëmwelt,

Wéi den Däitschen Inneminister probéiert d’Séinoutrettung ze verhënneren

Wéi den Däitschen Inneminister probéiert d’Séinoutrettung ze verhënneren

Dräi Bréiwer aus dem Inneministère an dem Verkéiersministère beleeën, wéi den Horst Seehofer probéiert huet, déi zivil Séinoutrettung ze verhënneren. De 6. Abrëll huet den Inneministère d’Organisatioun Sea-Eye wärend der Coronavirus-Pandemie dozou opgefuerdert, de lafenden Asaz vun der ALAN KURDI ze stoppen.

D‘ONG Sea-Eye huet den zäitlechen Oflaf vun den Ereegnisser vun der 6 Woche laanger Missioun rekonstruéiert an huet e Bréif vum Horst Seehofer verëffentlecht, an deem sech den Inneminister déi spéider Argumentatioun vun den italieneschen Autoritéiten zu senger eegener mécht.

An deem Bréif freet den Seehofer den Bundesverkéiersminister, der italienesche Perspektiv ze follegen, fir esou d’Séinoutrettung ënnert dem däitsche Fändel massiv méi schwéier ze maachen. E wier ëm déi international Bezéiungen zu Italien besuergt, well Schëffer ënnert dem däitsche Fändel ëmmer erëm Mënsche virum Erdrénke retten an Italien ëm Ausschëffung bieden.

“D’Bréiwer beleeën eemol méi, datt den Inneminister keng Ustrengungen ënnerhëlt, vir Mënsche virum Erdrénken ze schützen. Am Géigendeel: Hien wëll souguer Séinoutrettungsorganisatiounen dovunner ofhalen, Mënsche virum Erdrénken ze retten. Vun dëser Bundesregierung hunn mir keng konkret Ënnerstëtzung bei der Séinoutrettung ze erwaarden. Dofir brauche mir weider d’Hëllef vun der Zivilgesellschaft, “seet de Gorden Isler Virsëtzende vu Sea-Eye e.V.

A senger Äntwert erkläert den Bundesverkéiersminister Andreas Scheuer dem Horst Seehofer, datt och Schëffer vun der däitscher Bundesmarine déi därzäiteg Ufuerderunge vun den italieneschen Autoritéiten net erfëlle géifen an argumentéiert, datt déi international Verflichtung zur Séinoutrettung méi schwéier wär, wéi déi Argumenter, déi vun Italien virgedroe goufen.

“Eréischt an de vergaangene Woche si 4 Kannerläichen a Libyen ugespullt ginn. Si ware sécher net eleng um Mier. Wien ëm d’Sécherheet vun dëse Mënsche besuergt ass, dee soll Schëffer schécken an net mat Séinoutretter*innen iwwer Sanitäranlagen diskutéieren”, seet den Här Isler weider.

Foto: © Cedric Fettouche / Sea Eye

Related topics Andreas Scheuer, Frontex, Gordon Isler, Horst Seehofer, Sea Eye, Séinoutretter
Next post Previous post