Search

You may also like

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
International Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat numerescht entwéckelen“
International Neiegkeeten

CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat numerescht entwéckelen“

Lëtzebuerg wëll sech am Digitale behaapten, dem Land eng Virreiderroll

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert
International Neiegkeeten

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert

D’Waasseranalysen vun de 6 offizielle Plage vum Stauséi an de

Dramatescht Séiongléck virun der libescher Küst

No engem Schëffbroch am Mëttelmier ginn honnerte Mënsche vermësst

Dramatescht Séiongléck virun der libescher Küst

No Informatioune vum UNHCR an der OIM, kéint sech gëschter virun der libescher Küst dat fir dëst Joer gréisste Séiongléck zougedroen hunn. Hëllefsorganisatioune fäerten datt iwwer honnert Mënschen erdronk sinn. Fir den Ament awer, sinn d‘Informatiounen nach widderspréchlech.

E Spriecher vun der libescher Küstewaach huet uginn, datt eng 250 Mënschen sech mat zwee Booter opgebrach waren. Virun der Küstestad al-Chums soll et dann zur Havarie komm sinn. Et wier gelongen eng vun de Nossschuelen zeréck un d‘Küst ze bréngen, dat anert wier ënnergaangen.

Wéi vill Mënsche bei dësem Schëffbroch hiert d‘Liewe verluer ass onkloer. Laut UNHCR an OIM géif d‘Zuel vun den affer tëscht 100 an 150 leien. De Chef vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR, Filippo Grandi huet via Twitter vun der gréisster Tragedie fir dëst Joer geschwat

Vun de libescher Küstewaach koum d‘Informatioun, datt 115 Persoune vermësst ginn, 1 Läich wier schonn aus dem Mier gefëscht ginn, mee 134 Migranten aus verschiddenen afrikaneschen an arabesche Länner hätte kënne gerett ginn. Déi libesch Küstewaach war vu Fëscher ënnerstëtzt ginn.

mat indymedia/tlv

Foto: © Sea Watch Intl.

Related topics Libyen, Mëttelmier, Migratioun, OIM, Rettungsschëff, Séinoutrettung, UNHCR
Next post Previous post