Search

You may also like

6. Juni: Retour vum Stater „Vide-Grenier“
Kultur Neiegkeeten

6. Juni: Retour vum Stater „Vide-Grenier“

De sougenannte „Vide-Grenier“ an der Haaptstad ass streng geholl just

D’Groussherzogin Maria Teresa huet Gebuertsdag!
Kultur Neiegkeeten

D’Groussherzogin Maria Teresa huet Gebuertsdag!

S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa feiert um haitegen Dag hire 65.

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!
Kultur Neiegkeeten

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!

Ufank Juni hunn den Transportminister François Bausch an den Transportminister

Sektoriell Assisen: Rock – Pop- Elektro

Sektoriell Assisen: Rock – Pop- Elektro

An der Rockhal zu Esch-Belval huet d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) de bestallten „Etat des Lieux“ vum Secteur virgestallt. Also eigentlech huet d‘Auteure, Aurélie Colling, dat gemaach. D‘Zukunft vun dësem Secteur stoung am Mëttelpunkt vun den zwee Ronndëschgespréicher.

An hirer Interventioun, huet d‘Ministesch ënnerstrach wéi wichteg dësen Echange am sanitäre Kontext ass. 2020 huet dem Secteur vill ofverlaangt, a Kultur war och net wierklech déi gréisste Suerg déi dës Regierung geplot huet. D‘Ministesch huet gëschter dann emol festgehalen, dat et elo un der Zäit ass ze bestëmmen, a wéi eng Richtung et zukünfteg goen, a wéi ee Rôle de Ministère do iwwerhuele sollt.

Schonn an der Recommandatioun N°6 vum Kulturentwécklungsplang 2018-28, war d‘Regierung ageluede ginn, ee prezisen „Etat des Lieux“ vum artisteschen a kulturelle Secteur zu Lëtzebuerg ze maachen. An dësem Kontext huet de Ministère intern an extern Experte beoptraagt, sech dëser Aufgab unzehuelen. Unhand hire Conclusioune kéint een eng nei „Politik“ zur Ënnerstëtzung op de Wee bréngen.

Um Samschdeg ass sech dann och emol méi besonnesch de Beräicher „Rock – Pop- Elektro“ ugeholl ginn. Déi hätten extreemst ënnert den Auswierkunge vun der sanitärer Kris gelidden. Den Austausch bei de Ronndëschgespréich kann een als „konstruktiv“ ëmschreiwen an et hat nawell interessant Intervenanten. Déi final Versioun vum Aurélie Colling sengem „Etat des Lieux“, soll nach dëst Joer verëffentlecht ginn.

Foto: (vlnr) Kulturmisnitesch, Sam Tanson; Moderator Yves Stephany. © MCULT

Related topics Aurélie Colling, Elektro, Kultur, Pop, Rock, Ronndëschgespréich, Sektoriell Assisen
Next post Previous post