Search

You may also like

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt
Neiegkeeten

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt

De Waassergeescht huet geruff, Réiden un der Atert huet geäntwert.

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck
Neiegkeeten

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck

Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung
Neiegkeeten

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung

Um Mëttwoch haten d‘Politiker an d‘Poliziste just Gebieder a keng

Selbstbehaaptungscours fir Fraen a Männer

Selbstbehaaptungscours fir Fraen a Männer

De Projet „Selbstbehaaptung fir Fraen a Männer“ ass ee Kooperatiounsmodell, deen ëffentlech a privat Partner matenaner verbënnt. De Service vun der Preventioun vun der Police bilt, an enker Zesummenaarbecht mat diverse Partner, interesséiert Bieger/innen zu dësem Thema aus. Bis haut goufen am Kontext vun de Selbstbehaaptungscourse vun der Police eng 600 Persoune forméiert.

Sënn an Zweck vun dëser Formatioun:

  • Handlungsméiglechkeeten opweisen;
  • Geforesituatiounen erkennen, richteg aschätzen an erfollegräich iwwerstoen;
  • Selbstsécherheet stäerken;
  • d‘Sécherheetsgefill objektiv a subjektiv stäerken, an esou d‘Liewensqualitéit verbesseren.

Déi nächst Formatioun erstreckt sech iwwer 16 Léiergäng a Form vun Owescoursen. Dat vum 16. September 2021 bis zum 21. Januar 2022. D‘Ausbildung erfollegt a Lëtzebuerger Sprooch. Si ginn deels am Gebai vun der Police um Verluerekascht (1, Marie et Pierre Curie Strooss) wéi an der ugrenzender Ariichtung vun der Policeschoul ofgehalen. D‘Zuel ass op 24 Participante begrenzt.

Selbstverständlech gëtt déi ganz Formatioun an Adequatioun mat de gültege sanitäre Virschrëften (Covid-Check) organiséiert. Weiderféierend Informatiounen zum Selbstbehaaptungscours kann all interesséierten op der Internetsäit vun der Police fannen.

Illustratioun: © Michael Dziedzic / unsplash

Related topics Kooperatiounsmodell, Police, Selbstbehaaptungscours, Sponsored Story
Next post Previous post