Search

You may also like

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen
Neiegkeeten

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen

Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter

Start vum 11. britteschen an iresche Filmfestival
Neiegkeeten

Start vum 11. britteschen an iresche Filmfestival

Sponsored Story: Mat der Ënnerstëtzung vum Irish Club of Luxembourg

ULC: U bestëmmten Deeg keng telefonesch Berodung
Neiegkeeten

ULC: U bestëmmten Deeg keng telefonesch Berodung

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz informéiert doriwwer, dass u bestëmmten Deeg keng

Fall Semedo: Keng Entschëllegung, mee eng Rechtfäerdegung

Fall Semedo: Keng Entschëllegung, mee eng Rechtfäerdegung

Nodeems d’EU-Deputéiert Monica Semedo wéinst psychologescher Belästegung géigeniwwer hire fréieren Assistenten fir 15 Deeg vun allen Aktivitéiten am EU-Parlament ausgeschloss ass, huet sech d’Politikerin perséinlech zum Fall geäussert. Fir Femmes Socialistes ass hiert Schreiwes allerdéngs keng Entschëllegung, mee eng Rechtfäerdegung fir hiert Verhalen.

Mat zuelräiche Sensibiliséierungscampagnen an Aktioune gëtt géint Belästegung gekämpft. Trotzdeem kënnt et an de Schoulen, op der Aarbecht oder och am Internet ëmmer nees zu Fäll vu Mobbing. Konkret Strofen hëllefen net nëmmen den Affer, mee setzen e symbolesch Beitrag, fir géint Muechtmëssbrauch virzegoen.

Femmes Socialistes weist drop hin, dass een als Deputéiert keng einfach Mataarbechterin vum EU-Parlament ass. D’Persoun gouf vum Vollek gewielt a kann dofir net einfach seng Funktiounen entzu kréien. Esou geet an dësem Fall de Ball zeréck un d’Lëtzebuerger Bierger, déi „elo bewäerte mussen , ob et ubruecht ass, sech vun enger Persoun representéieren ze loossen, déi sech esou iwwert anere Persoune stoe gesäit, dass si d’Recht huet se ze belästegen.“

Dës Weideren wier dëse Virfall fir FS e gutt Beispill, dass psychologesch Belästegung a seng Konsequenze fir d’Affer vu verschidde Persounen nach ëmmer net seriéis geholl gëtt. Dem Monica Semedo seng Matdeelung wier och keng Entschëllegung, mee eng Rechtfäerdegung, déi den Affer d’Schold gëtt. Aus der Distanz géif d’Politikerin hiert inakzeptabelt Verhalen doduerch erklären, dass d’Assistenten hiren Uspréch net gerecht gi sinn.

Ma, et soll ee sech awer net op e selwechten Niveau erofsetzen an d’EU-Deputéiert fäerdeg maachen. Wichteg sinn elo konstruktiv an ëffentlech Gespréicher, bei deenen iwwert psychologesch Belästegung, d’Motiver an d’Konsequenzen diskutéiert gëtt. Schliisslech soll sech d’Haltung vum Täter änneren a genee do befiercht FS, dass sech beim Monica Semedo näischt gedoen hätt.

Fir den DP-Generalsekretär Claude Lamberty geet et duer, dass d’Monica Semedo hir Sanktioun unerkannt huet. Domat ass fir déi blo Partei d’Saach gedoen.

Opmaacherbild: © Brett Jordan / Unsplash

Related topics EU-Deputéiert, Europäescht Parlament, Femmes Socialistes, Mobbing, Monica Semedo, psychologesch Belästegung, Sanktioun, Verhalen
Next post Previous post