Search

You may also like

Maniff fir d‘Unerkennung vu Palestina als Natioun
International Neiegkeeten

Maniff fir d‘Unerkennung vu Palestina als Natioun

Nächste Samschdeg organiséiert de Lëtzebuerger Comité fir ee gerechte Fridden

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!
International Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 10. Mee géint

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass
International Neiegkeeten

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass

Den éischten Ant-Man-Film war vir vill Leit eng angenehm Iwwerraschung.

Séinoutrettung: Italienesche Senat approuvéiert Gesetz

Zukünfteg sollen humanitär Aktiviste méi haart Strofen erhale wa si onerlaabt an italienesch Gewässer alafen

Séinoutrettung: Italienesche Senat approuvéiert Gesetz

Um Méindeg huet den italienesche Senat e Gesetz ugeholl, mat deem Séinoutretter zukünfteg nach eppes méi haart solle bestrooft ginn, wa si sech onerlaabt an italienesche Gewässer ophalen. Mam neien Text si Geldstrofe vu bis zu enger Millioun Euro méiglech…

Et ass ee „Sécherheetsgesetz“ dat de Senat votéiert huet an d‘Strofe vu bis zu enger Millioun, déi sinn nëmmen en Detail, well d‘Gesetz och virgesäit, datt d‘Autoritéiten déi inkriminéiert Schëffer beschlagnamen dierfen. Virum Vott hat d‘Regierung den Drock erhéicht an vir eng Entscheedung méiglechst zäitno erbäizeféieren, dann och d‘Vertrauensfro gestallt. Eng Rechnung déi opgoung.

SenatMat dësem Schratt huet d‘Regierung och verhënnert, datt et nach zu Amendementer an deem vun der Chamber ofgeseenten Text komme konnt. Fir de Matteo Salvini eng kleng politesch Victoire, déi him kee méi ka streideg maachen. Via Twitter huet den Inneminister d‘Gesetz kommentéiert, dat natierlech net ouni datt den eigentlechen Zweck vun der Moossnam populistesch ze verklären.

„D‘Gesetz gëtt de Sécherheetskräfte méi Befugnisser, et kënnt zu méi Kontrollen un de Grenzen, et gi méi Männer fir Mafiosien a Camorristi ze verhaften“, esou de Message. Als Grondlag fir d‘Virlag vum Gesetz, ass déi am Juni votéiert Noutveruerdnung geholl ginn. Dës Veruerdnung wier den 13. August ausgelaf an huet missen an e Gesetz ëmgewandelt ginn. Den Text gouf awer verschäerft…

SenatElo ass d‘Gesetz an déi doranner enthale „Moossnamen“ awer och ëmstridden. Dat manner bei den Italiener selwer, wéi bei den Hëllefsorganisatiounen. Mee och déi Vereenten Natioune sinn iwwert dëst Gesetz eppes „veriergert“. Et widdersprécht allen Ustrengungen déi ënnerholl géifen, fir sécher Migratiounsweeër ze fannen an dem Stierwen am Mëttelmier entgéint ze trieden, esou d‘UNHCR.

SenatItalien awer ass engersäits laang am Stach gelooss ginn. Dat huet de Populisten och zur Muecht verhollef an wéi déi virun eppes méi wéi engem Joer ugetrueden ass, hat si däitlech gemaach, datt Italien net méi d‘Opfanglager fir d‘Migrante ka sinn. Si hunn et dann och primär op déi privat Hëllefsorganisatiounen ofgesinn, deenen si ënnerstelle mat de Mënschenhändler ze kooperéieren.

SenatA während de Senat zu Roum d‘Gesetz duerchgewonk huet, huet am Mëttelmier e Fëscherboot 48 Persounen opgeholl an déi zu Lampedusa ofgesat. Et géif sech bei dëse Persounen ëm Mënschen aus der Elfebeeküst, dem Mali an Tunesien handelen, esou éischt Informatiounen. Am Bericht heescht et weider, datt e Bëbee an e Mann vun 30 Joer bei der Iwwerfahrt erdronk sinn…

mat indymedia/rom

Foto: E Bléck op déi italienesch Senats-Aula © Senato Repubblica

Related topics Italien, Matteo Salvini, Mëttelmier, Séinoutrettung, Senat
Next post Previous post