Search

You may also like

Elo gëtt „geboost“: Drëtt Impfdosis a verschidde Fäll recommandéiert
International Neiegkeeten Stories

Elo gëtt „geboost“: Drëtt Impfdosis a verschidde Fäll recommandéiert

De Recommandatioun vum Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheeten (CSMI) no, gëtt

Op Halloween hunn d‘Rabbelkäpp d‘Police beschäftegt
International Neiegkeeten Stories

Op Halloween hunn d‘Rabbelkäpp d‘Police beschäftegt

Et ass sécherlech net Halloween eleng geschëlt, datt d‘Police an

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck
International Neiegkeeten Stories

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck

Déi sozialistesch Deputéiert a fréier Staatssekretärin huet gëschter hir Kandidatur

Dem Angie seng lescht Seance

Ugesiichts der Aart a Weis wéi bei eisen däitschen Nopere Walkampf bedriwwe gëtt, dierft sech d‘Angela „Mutti“ Merkel op hir Pensioun an déi lukrativ Konferenze freeën, déi si erwaarden…

Dem Angie seng lescht Seance

Gëschter huet si viraussiichtlech hir lescht Ried als Bundeskanzlerin am Bundestag gehalen. De 26. September gëtt an Däitschland gewielt, an natierlech stäipt d‘Angela Merkel de Kandidat vun den Häerzer: den Armin Laschet, Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen an auserwielte Messias vum konservative CDU/CSU-Bündnis. No 16 Joer „Merkel“ soll nees ee „Mann“ regéieren.

Un d‘Adress vun de Parlamentarier, dem Public am Bundestag an/oder hannert de Bildschiermer huet d‘Angela Merkel – déi wuel selwer net esou ganz vum Armin Laschet als Nofolger iwwerzeegt schéngt – kloer gestallt, datt et eben net egal ass, wien d‘Land regéiert. Richteg: et ass eng Wal a schwieregen Zäiten déi wäert Richtungsentscheedend fir d‘Bundesrepublik, mee och Europa sinn.

Laut der Bundeskanzlerin, hätten d‘Bierger d‘Wiel tëscht enger Rout-Grénger Regierung, déi sech op d‘Duldung vun der die Linke verléisst, méiglecherweis esouguer mat dëse koaliséiere kéint, an eben enger CDU/CSU geleete Regierung mam Armin Laschet als Bundeskanzler. Deen ass, wat soll d‘Angela och anescht soen, déi wierklech beschte Wiel fir d‘Land, seng Bierger an och Europa.

Nëmmen ënnert engem, der Wirtschaft (besonnesch d‘Secteuren Energie/Industrie) verflichten an nostoende Kandidat, ka Stabilitéit a Verléisslechkeet assuréiert ginn. De Kuelelobbyist, ass dann och bestëmmt déi beschte Wiel, fir déi energetesch Transitioun virunzedreiwen an Däitschland bis 2038 an d‘Karbonneutralitéit ze leeden, ouni datt de Wirtschaftswuesstem géif gebremst ginn…

Walkampf am Bundestag

Dem Angela Merkel seng Ried war ëmmer nees eppes inaudibel, wat un de sëllegen Tëscheriff aus dem parlamentareschen Aquarium geleeë war. Hir Ried war jo och net, ausgeholl fir déi eege Fans, fir déi uwiesend Parlamentarier geduecht, mee an éischter Linn un d‘Zuschauer an d‘Medie geriicht. An no drësseg Joer Presenz an dësem Haus, huet d‘Physikerin jo scho ganz aneres erlieft.

Si ass no hirer Ried am Sall bliwwen, net fir den Ausféierunge vun den aneren Intervenanten no ze lauschteren, mee fir de Punkt betreffend de Support vum Armin Laschet net falen ze loossen. Vun der AfD gouf et déi gewinnte Beleidegungen a Ligen; säitens die Linke déi bekannte Kritik. Vun de Liberalen (FDP) an den die Grünen gouf et dofir eppes méi Kritik um Kandidat Olaf Scholz (SPD).

De Jurist huet an zwee Finanzskandaler (cum-ex / wire-card) gelunn, bedrunn a wuel och d‘Hand opgehalen; hie ass fir de G20-Hamburg-Desaster verantwortlech a vertrëtt eng Kultur vu sozialem Ofbau. Hier versprécht Däitschland bezuelbart Wunnen a ee stabille Rentenniveau, Wuelstand an Aarbechtsplazen… Dat versprécht d‘SPD zanter si sech als Vollekspartei wëll etabléiert hunn.

D‘Annalena Baerbock, Kanzlerkandidatin vun die Grünen, notéiert datt a 16 Joer „Merkel“ weder Klimaschutz nach Digitaliséierung en Thema waren, an ee mam Armin „Kuelekinnek“ Laschet keng Klimapolitik maache kann. Si huet sech allerdéngs bis ewell net wierklech duerchgesat, firwat den Ament ee Politiker mat Alzheimer an de Sondagen als Favorit fir d‘Kanzlerschaft genannt gëtt.

De Sträit fërdert d‘Zesummenaarbecht

Wann een der Vertriederin vum liberal-ekologesche Lager zoustëmme kann, datt dës Wal zimlech wichteg a punkto „Klimaschutz“ ass, esou kann d‘Annalena Baerbock net driwwer ewechtäuschen, datt hir Partei sech längst vun der Basis getrennt huet a mëttlerweil och esou hir Konvenienzen mat der Wirtschaft an Industrie fonnt huet. An och die Grünen bedreiwen zuweile vill Sozialofbau.

Den Armin Laschet behaapt, datt den Olaf Scholz just wéilt Scholde maachen an d‘Steiere vun de Bierger wëll erhéijen. Hie behaapt och, datt die Linke, wann se sollt a Regierungsverantwortung kommen, de Verfassungsschutz opléisen, an Däitschland aus der NATO féiere géif. Dat ass zwar honnertprozentege Quatsch (an dat weess hien och), mee Bild-Lieser wëllen och belëschtegt ginn.

Déi traureg „Eva Braun Kopie“ vun der AfD, Alice Weidel, verkläert d‘Bundesrepublik zu engem Hippie-Staat, deen déi duerchgeknallten Iddi vun der Energietransitioun tatsächlech ëmsetze wëll. Der Faschistin muss wuel entgaange sinn, dat an der lescht vill Dierfer (vum Armin Laschet) platt gemaach goufen, fir weider Kuel ofzebauen. Mee gutt, bei der AfD ass Klimawandel keen Thema.

Säitens der die Linke, déi streng geholl och mat enger SPD net koaléiere sollt, gouf et eng lescht Ofrechnung mat der Bundeskanzlerin. Datt et Rechneresch, bezunn op den aktuelle Stand vun de Sondagen, ganz vill Koalitiounsoptiounen huet, ass aus Mangel un Programminhalter méi Thema, wéi dat wat déi eenzel Parteie wëllen. An et dierft och hei, nees eppes komplizéiert ginn a bleiwen.

mat indymedia/ber

Foto: Dem Angela Merkel seng viraussiichtlech lescht Ried als Bundeskanzlerin am Bundestag.© Marina Kormbacki (via Twitter)

Related topics Angela Merkel, Berlin, Bundeskanzlerin, Bundestag, Bundestagswalen, Däitschland
Next post Previous post