Search

You may also like

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft
Fail Stories

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft

Leschte weekend huet d’Aktioun Good Food Good Farming a ganz

Kommentar: Feindséilegkeeten „à la Carte“ – US-President dréit op der Felg
Fail Stories

Kommentar: Feindséilegkeeten „à la Carte“ – US-President dréit op der Felg

Dem selwer ernannte „Krichspresident“ Donald Trump feelt et net Feindbiller,

Kannersäiten am Internet
Fail Stories

Kannersäiten am Internet

Den 21. Oktober war den Dag vun de Kannersäiten am

dislike

Serge Wilmes: De jonken Erneirer

Serge Wilmes: De jonken Erneirer

Hien ass jonk, motivéiert an u gudden Iddie feelt et him och net. Riets ass vum 35 Joer jonke Spëtzekandidat vun der CSV, deen an de Gemengewahle fir nei Impulser suerge wëllt.

De Serge Wilmes hat sech scho fréi fir seng politesch Heemecht entscheet, an ass am Joer 2000 an d’CSJ agetrueden. Hien huet sech dat ganzt souzesoe vu bannen ugekuckt fir dann 2005 selwer aktiv ze ginn. Eng gutt Entscheedung, fir sech an d’CSJ vun där hien de President vun 2008 bis 2014 sollt ginn.

Hien huet et als President vun der CSJ awer net dobäi belooss, sech engersäits ëm d’Jugendaarbecht ze këmmeren an anersäits vun Uewen de Wee bereeden ze loossen. De Serge Wilmes huet sech abruecht an och bei der Mammepartei seng Positiounen an Iddie verdeedegt. An et dierf een soen, datt hien iwwerzeegend war, wëll 2009 ass hie mat an d’Chamberwahle gaangen.

Op de Zentrumslescht ass de jonke Politiker als 14. gewielt ginn. Eng Lescht déi deemools net manner wéi néng Deputéiert ervirbruecht hat, dorënner déi zwee Minister Luc Frieden a Claude Wiseler. Nodeems dann 2011 de Jean-Louis Schiltz säi Mandat opginn huet, ass d’Diane Adam an der Chamber nogeréckelt. Wéi dunn och nach de Mill Majerus verstuerwen ass, dee vum Tessy Scholtes ersat gi war, koum de Serge Wilmes als méiglechen Ersatzkandidat an d’Gespréich.

No engem weidere Stierffall, deen de Lucien Thiel getraff hat, ass dee jonke Politiker, deen sech eigentlech der Gemengepolitik verbonne fillt, dunn an d’Chamber komm. Hie war domadder net nëmmen de jéngste CSV-Politiker, mee dunn och nach dee jéngsten Deputéierte. Hei versteet hien et och op sech opmierksam ze maachen a léisst, wann och vun der Oppositiounsbänk aus, dach vun sech héieren.

Parallel zu senger Aarbecht an der Fraktioun, ass de Serge Wilmes och de Sekretär vun der CSV-Stad, fir déi hien elo am Oktober als Spëtzekandidat opgesat ass.

Hie verkierpert dann och eppes, wat ee laang bei der CSV, enger aler politesch konservativer Dame, vermësst huet. Jonk vläicht, ënnergeuerdent awer sécher net, hält de Serge Wilmes sech mat Kritik un der eegener Famill net zeréck. Eng sécherlech konstruktiv Kritik, well se et och an der Chefetage matkritt hunn, datt net alles Gold ass wat glänzt.

An dat wat de jonken Deputéierten ze soe versteet, huet Gewiicht. De Serge Wilmes gehéiert zum Krees vun deem, wat am Volleksmond déi dräi Kinneke genannt gëtt, an hëlt folgerichteg un den „Dräi Kinnek-Treffen“ deel. 2014 leet hie seng Analys iwwert d’Partei vir an schléit eng Reform vun de Parteistrukture vir. Am selwechte Joer leet hien säin Amt als President vun der CSJ néier.

Haut, wou et Kloer dierft sinn, datt de Claude Wiseler CSV-Spëtzekandidat fir d’Chamberwahlen ass, ka sech de Serge Wilmes der Erneierung vun der Partei widmen. Eng Aarbecht déi hie mat dem néidege Seriö a Respekt mat alle Parteimemberen ugeet. Dat hien esou akzeptéiert ass an seng Virschléi, mee besonnesch seng Iddien Uklang fannen, sollten och an de Gemengewahle bei de Wieler ukommen.

De Serge Wilmes stellt dann awer och kloer, datt d’Gemengepolitik um Niveau vun der Haaptstad och ëmmer a groussen Zich Nationalpolitik ass. Mat elo bal sechs Joer Erfarung als Deputéierten, huet hien de richtegen Iwwerbléck dës Ausso esou ze bekräftegen. Hien ass sech als Familljepapp a geléierten Historiker senger Verantwortung bewosst. Eng Verantwortung net nëmmen der Partei an der Famill géinteniwwer, mee ganz besonnesch dem Bierger.

Related topics CSJ, CSV, Serge Wilmes
Next post Previous post