Wansinn oder Terror?
De Mann no deem d‘Police mat alle Mëttel sicht, soll
Wärend d’Stad Lëtzebuerg virun iwwert 120 Joer knapp 39.000 Residenten gezielt huet, louche mir am vergaangene Joer bei 122.000 Awunner. Positiv ass, datt vun 2018 op 2019 d’Offallquantitéit (recycléierbar an net recycléierbar) vun 554 kg op 533 kg reduzéiert konnt ginn, obwuel 2,6 % méi Residenten gezielt gi sinn. Dës Weideren konnt och de gemëschten Haushaltsoffall vun 315 kg op 305,5 kg erofgeschrauft ginn.
Fir datt d’Haaptstad propper bleift an d’Dreckskëschten eidel gemaach ginn, braucht et natierlech och Personal. Ganzer 379 Kollaborateuren waren am Joer 2019 agestallt an hunn eng konterbont zesummegesat Ekipp duergestallt. Alter, Hierkonft, Geschlecht sinn zweetrangeg – de Service Hygiène kuckt op d’Motivatioun an den Engagement. Esou war de Service aus 17,11 % Fraen, Persoune mat Migratiounshannergrond, ville Kandidaten iwwer 45 Joer an och Persoune mat spezielle Bedierfnesser zesummegesat.
Mat de sougenannten Igloo-Statiounen bitt de Service Hygiène Offallcontainer mat groussem Volume fir recycléierbart Material. Leider huet ee misse feststellen, datt dës Statiounen mëssbraucht ginn an och aneren Offall wëll ofgeluecht gëtt. Mëttlerweil ginn déi Schëlleg domat bestroft, datt hinnen d’Fraisen vun der Evakuatioun an der Eliminatioun vum Offall berechent gëtt.
Esou sinn am leschte Joer androcksvoll 539 Rechnungen geschriwwe ginn. D’Zomm vun 63.154 € deckt dobäi just e klengen Deel vun de Fraisen vun de 4 Ekippen, déi sech ëm d’Propper-Maache vun dësen Zone këmmeren.
Doriwwer hinaus luede besonnesch d’Manifestatiounen an déi aluedend Deeg am Summer dozou an, onuechtsam säin Dreck an d’Ëmwelt ze geheien. Et sollt net virkommen, an awer schéngt et fir verschidde Persoune wéi eng Selbstverständlechkeet säi Knascht egal wou hin ze geheien – iergendeen wäert et schonn oprafen.
Enn Juni 2019 gouf dofir d’Anti-Littering Campagne lancéiert, déi zum engen d’Zil verfollegt d’Bierger ze informéieren a sech dem Problem bewosst ze ginn. Zum aneren erhofft ee sech, datt d’Quantitéiten un Offall dobaussen reduzéiert ginn.
Virun allem Zigarettestëmp, Knätsch an dem Hond seng Hannerloossenschaften erweise sech als déi dräi Haaptproblemer an der Stad Lëtzebuerg. An dësem Kader goufen sougenannt „Täschebecher To Go“ verdeelt an Infotafelen am ëffentleche Beräich opgestallt.
Virun 2 Joer ass dem Service Hygiène säin Aufgabeberäich ëm eng Offer erweidert ginn. D’Cellule „Assistenz fir de Client“ beréit Bierger a Professioneller esou, datt et zu enger besserer Gestioun vum Offall kënnt. Beispillsweis beim Bau oder Renovatiounsaarbechten vum Eegenheem gëtt dës Offer nëtzlech.
Ma, als Architekt muss mëttlerweil nieft der Baugeneemegung och den Avis vum Service Hygiène ugefrot ginn, soubal e Projet 2 Unitéiten iwwerschreift. Am vergaangene Joer goufen esou 339 Avisen verginn.
Datt een e Problem am Beschten léist, ier en iwwerhaapt entsteet, sollt an Zukunft ëmmer méi Usus ginn. Vun „Kafen, verschaffen, ewechgeheien“ muss d’Ëmdenken zur Kreeslafwirtschaft higoen. Mir musse generell d’Ressource wäertschätzen.
D’Stad Lëtzebuerg an de Service Hygiène këmmere sech drëm, fir déi nei europäesch Direktiven um nationalen Niveau ëmzesetzen. Speziell den “To-Go“-Produiten an dem Eeweeplastik hëlt ee sech un.
Den detailléierte Rapport kënnt Dir HEI noliesen.