Search

You may also like

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!

Der Verbreedung vu Krankheetserreeger soll de Kampf ugesot ginn. Dofir

Ëmmer méi jonk Covid19-Patienten
Neiegkeeten

Ëmmer méi jonk Covid19-Patienten

Am direkte Verglach mat eisen Noperen, sti mir eis am

Et briechen nei Zäite bei der LSAP un
Neiegkeeten

Et briechen nei Zäite bei der LSAP un

Den Alex Bodry wiesselt an de Staatsrot, de Franz Fayot

De Service Hygiène krut elektreschen Nowuess!

De Service Hygiène krut elektreschen Nowuess!

E Freideg konnt de Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg stolz seng fuschnei an zu 100 % elektresch Kiermaschinn presentéieren. Um Knuedler hunn sech de Schäfferot an d’Responsabel vum Service Hygiène e Bild vum klenge Gefier gemaach, dat zur Propretéit am ëffentleche Beräich bäidroe soll.

D’Kiermaschinn vun DULEVO D.zero stéisst net nëmmen 0 Emissiounen aus a kann un d’Steckdous gehaange ginn. Se fiert och nach ouni gréissere Kaméidi an ass extrem einfach ze handhaben. Ideal Viraussetzungen, fir an der Stad ronderëm ze jauwen.

D’Gestioun vum Offall an Zuelen

Pro Joer gi ganzer 850 Tonnen Offall an de Poubellen duerch d’Stroossen opgesammelt. Dëser Poubellen stinn der 3.500 Stéck an der Stad, zesumme mat 2.300 Äschebecheren. D’Zigarettestëmp landen trotzdeem an onglécklecherweis oft um Buedem. Dobäi komme 440 Punkten un deenen all Joer 1.500.000 gratis Tuten, fir dem Muppes seng Ausscheedungen opzerafen, gebraucht ginn.

D’Stad Lëtzebuerg huet 15 mechanesch Kiermaschinnen, déi op d’Joer gerechent 800 Tonnen Knascht a 500 Tonne Blieder vun de Beem oprafen.

An dësem Kader ass et dann och wichteg, déi luewenswäert Aarbecht vum Service Hygiène ervirzehiewen. D’Mataarbechter këmme sech nämlech net nëmmen ëm d’Gestioun vum Stater Offall – dëse mécht iwwregens 25 % vum nationale Offall-Volume aus – oder ëm d’Propretéit vum ëffentleche Raum. Si sinn déijéineg, déi dofir suergen, datt Dir am Wanter net iwwert den Trottoir rutscht, datt Dir ëffentlech Toiletten notze an weideren Offall am Recyclingszenter ofgi kënnt.

Am Ganzen leeschten 380 Kollaborateuren 7 Deeg op 7 hiren Déngscht, leeën zesummegerechent 1,4 Millioune Kilometer mat den 125 Gefierer zeréck a sammelen ëm 65.000 Tonnen Offall pro Joer. Dovu ginn 43 % recycléiert.

Opmaacherfoto © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Related topics DULEVO D.zero, ëffentlech Toiletten, elektresch, Kiermaschinn, Offall, Poubellen, Propretéit, Service Hygiène, Stad Lëtzebuerg, Streedéngscht
Next post Previous post