Suchtberodung Online: Véier Vereenegunge bidden onkomplizéiert Berodung an Hëllef
D’Sucht huet vill Gesiichter – et kënnen Drogen, kierperlech Aktivitéiten
D’Sucht huet vill Gesiichter – et kënnen Drogen, kierperlech Aktivitéiten
Eng Desastréis Covid19-Krisegestioun, Protester déi net endege wëllen an eng
D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A7
Ab dem 13. Januar 2021 ass d’Ekipp an de Service nees voll a ganz fir Iech do. Fanne wäert een de Service Senior dann op der Adress 13, rue Notre-Dame L-2240 Lëtzebuerg, um 4. a 5. Stack. Erreeche kann een d’Ekipp iwwert Telefon (4796-2757) an E-Mail (servsenior@vdl.lu).
Notzt een den ëffentlechen Transport, sinn d’Arrêten F.D. Roosevelt (Linnen 2, 3, 4, 5, 9, 10, 13, 14, 18, 19, 22) a Cathédrale (Linnen 19 an 31), sou wéi d’Haltestell Hamilius vum Tram am noosten. Wie mam Auto kënnt stellt sech am Beschten op den ënnerierdesche Parking „Knuedler“ oder de Parking bei der Place de la Constitution. Plaze fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit sinn an der Rue Notre-Dame verfügbar.
De Service Senior ass zoustänneg fir de System vum Telealarm, den Accueil an d’Orientatioun vu Senioren an hir Famillen, d’Gestioun vun den Demande fir Zouloossung zur Residenz Grand-Duchesse Joséphine-Charlotte an d’Organisatioun vun Aktivitéite fir Senioren.