Search

You may also like

money
De „Green Deal“ vun der Basketsfederatioun
Neiegkeeten

De „Green Deal“ vun der Basketsfederatioun

Um Dënschdeg hunn TotalEnergies Lëtzebuerg an déi Lëtzebuerger Basketballfederatioun (FLBB)

Covid19: D‘Lag bleift weider ugespaant
Neiegkeeten

Covid19: D‘Lag bleift weider ugespaant

Bis heihinner a bei Berécksiichtegung vun de rezenten Zuelen, muss

Crimes of Malta – Afaart verweigert
Neiegkeeten

Crimes of Malta – Afaart verweigert

Ganzer 52 Persounen hunn missen ënner onmënschlechen an entwierdegende Bedéngunge

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain Schneider d‘Conclusiounen aus der, am Mäerz lancéierten Etüd zu der Situatioun an den Urgencen an eise Spidäler, presentéiert. En Service deen et néideg huet esouwuel Entlaascht wéi verbessert ze ginn.

Béid Minister waren dann och sichtlech zefridden ugesicht de Fortschrëtter déi am Kader vun der Etüd konnte realiséiert ginn. Et ass sech eng Gesamtiwwersiicht vun der Situatioun an de véier concernéierte Strukture gemaach ginn. Déi verschidde Gestiounen an d‘Organisatioun waren en zentrale Punkt, an et konnten eng ganz Rei Verbesserungsméiglechkeete festgehale ginn.

Déi Daten déi erhuewe gi sinn, bezéien sech op siwen Aktiounsberäicher, 32 Mesuren an eng Abberzuel u Recommandatioune. Wat dann och bei esou engem komplexe Sujet sécher néideg ass. „Et ass der konstruktiver Zesummenaarbecht mat allen Acteure (…) geschëlt, datt mir grouss Fortschrëtter konnte maachen“, esou d‘Ministesch Lydia Mutsch.

E Bléck op d‘Etüd

Ganz erfreelech ass et, wann eng Etüd feststellt, datt d‘Qualitéit vun der Prise en Charge duerch dat medezinescht Personal net a Fro gestallt gëtt. Zudeem ass erauszeliesen, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem wuel verbessert ka ginn, mee bis dohinner der Demande gutt ka begéinen, ugesicht der europäescher Moyenne.

Am Duerchschnëtt muss een an der Urgence 3:49 Stonne verbréngen, vum Moment wou en erakënnt bis zu der Sortie no Behandlung. Am Ausland läit een iwwer véier Stonnen. Woubäi awer festzehalen ass, datt fir dräivéierel vun de Fäll, en Openthalt am Spidol ënner dräi Stonne läit.

Dat béid Minister den Dossier mat groussem Eescht uginn, dat läit am Sënn vum Bierger. Zudeem an dësem säi fundamentaalt Recht Accès zur medezinescher Behandlung ze hunn, a grad da wann et am noutwennegsten ass. Do setzt een sech dann och Ziler. D‘Lydia Mutsch an de Romain Schneider wëllen also den Openthalt an der Urgence, bannent zwee Joer op 2:30 Stonnen (an der Moyenne) drécken.

Iwwerfuerderung

Festgestallt ginn ass, datt de Service „Urgence“ zu Lëtzebuerg extrem beusprocht gëtt. Dat beaflosst d‘Gestioun, respektiv féiert zu Waardenzäiten. Bei engem Taux vun 18,5% vu Fäll, déi vum Hausdokter kéinte behandelt ginn, an net wierklech als „Dréngend“ berécksiichtegt misste ginn, weess ee schnell wou d‘Zäit verbliwwen ass.

Verbesserungen déi awer onofhängeg vum Patient kënnen ëmgesat ginn, ass de besseren Triage bei der Admissioun. Och eng verbessert Informatioun fir de Patient a seng Famill wier wichteg. Dat ass wat direkt ka gemaach ginn, laangfristeg mussen sech awer nach weider Verbesserungen ëmsetze loossen.

Kuerzfristeg huet de Gesondheetsministère wëlles op Informatiounscampagnen zréckzegräifen. D‘Leit sollen iwwert dës Mesure iwwer d‘Opportunitéit vum Gang an d‘Urgence informéiert ginn, a wat fir Alternativen (Maisons Medicales) et gëtt. Eng Broschür zu dëser Campagne gëtt nach ausgeschafft.

Den Hausdokter opwäerten

De Rôle vum Referenzdokter soll och valoriséiert ginn. Esou ënner anerem duerch d‘Fërderung vun enger Gruppe-Praxis. Mee och eng APP soll entwéckelt ginn, mat där ee ka gesinn, wéi en Dokter grad an der Géigend nach op ass.

Mee de groussen Deel vun der Opmierksamkeet, gëtt der Waardenzäit zougestane. Net nëmmen d‘Politik oder d‘Medezin, mee virun allem de Patient géif sech iwwert eng séier Prise en Charge freeën. An et ass jo och net wéi wann ee näischt géif maachen. Esou goufen zwou Milliounen Euro an déi budgetär Enveloppe vum Spidolssecteur gepaakt, mat deenen zousätzlecht Personal fir d‘Urgence soll rekrutéiert ginn.

Et ass een also um gudde Wee an d‘Etüd bestätegt jo och, datt et esou schlecht ëm Lëtzebuerg net bestallt ass. Et geet awer net duer datt sech d‘Equippen am Spidol ustrengen an d‘Politiker Geld an de Grapp huelen. Och de Bierger, also de Patient, muss sech eng gewëssen Disziplin zoumudde loossen an et méiglechst vermeide fir en „Näischt“ d‘Urgence ze belaaschten.

Foto: (v.l.n.r.) Romain Schneider (Sozialminister), Lydia Mutsch (Gesondheetsministesch). D‘Verbesserung vum Service Urgence an de véier Spidäler, wann d‘Bierger matmaachen, ass zum gräifen no. © MSAN/SIP

Related topics Gesondheetsministère, Lydia Mutsch, Romain Schneider, Spidol, Urgence
Next post Previous post