Search

You may also like

Tornado iwwer Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Tornado iwwer Lëtzebuerg

Am lëtzebuergesch-franséische Grenzgebitt ass um Freideg géint 17.30 Auer en

CGFP-President zweiwelt d‘Covid19-Mesuren un
Neiegkeeten

CGFP-President zweiwelt d‘Covid19-Mesuren un

Datt net alles wat d‘Regierung esou u Mesuren am Kampf

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht
Neiegkeeten

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022

Den éischte Spuedestéch gouf leschte Mëttwoch gemaach

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022

Zanter leschtem Mëttwoch ass de Chantier fir déi nei Betreiungsariichtung vu SERVIOR zu Déifferdeng lancéiert. Säit 20 Joer këmmere si sech ëm d’Fleeg vun eelere Matbierger. Doriwwer hinaus bidde si hire Bewunner en ofwiesslungsräiche Programm an Infrastrukturen un. Am Bäisinn vun der Familljeministesch Corinne Cahen an dem Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini gouf leschte Mëttwoch, de 26. Juli 2019, den éischte Spuedestéch fir den neie Site gesat.

Op enger Fläch vun ongeféier 1 ha am Eco-Quartier “WOIWER” zu Uewerkuer wäert dat zukünftegt Fleegeheem mat enger Capacitéit vun 200 Better seng Dieren 2022 opmaachen. D’Fleegeheem wäert als Ënnerkonft fir nei Bewunner a Fro kommen, awer och fir Locatairen aus dem aktuelle Fleegeheem “Thillebierg”. Finanziell gedroe gëtt de Projet eleng vum Staat.

Servior Déifferdeng

Graphesch Duerstellung vum Projet © SERVIOR

Als Presidentin vum SERVIOR-Verwaltungsrot seet d’Héloïse Bock dozou, datt déi nei Ariichtung gutt an de Profil passt. Et wier ee stänneg dobäi, sech un d’Besoinen unzepassen an d’Offeren ze erweideren. D’Architektur vum Heem wier sou ausgeluecht, datt se de Besoinen vun de Bewunner, hire Familljen an dem Personal entsprécht, erkläert d’Héloïse Bock weider. Fir den intergenerationellen Austausch weider unzedreiwen hätt een esouguer eng Spillplaz am Bannenhaff ageriicht.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Corinne Cahen, Familljeministesch; Héloïse Bock, Presidentin vum Verwaltungsrot bei SERVIOR; Roberto Traversini, Buergermeeschter vun Déifferdeng; Alain Dichter, Generaldirekter vu SERVIOR. © SERVIOR

Related topics Corinne Cahen, Déifferdeng, Fleegeheem, Héloïse Bock, Servior
Next post Previous post