Search

You may also like

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben
Neiegkeeten

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

En Dënschdeg hunn d‘USA den UN-Sécherheetsrot drop higewisen, datt e

Tropestuerm Hanna verwüst texanesch Küst
Neiegkeeten

Tropestuerm Hanna verwüst texanesch Küst

Esou wéi et vum Hurrikan-Zenter an der NOAA annoncéiert ginn

Prix Laurence 2020!
Neiegkeeten

Prix Laurence 2020!

De Prix Laurence ass dee Jugend-Literatur-Präis fir all jonk Auteuren tëscht 12

Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Den OGBL ass veriergert iwwert d‘Tatsaach, datt d‘Regierung der Auslagerung vun Déngschter vum Gestionnaire vun den Altersheimer zoustëmmt an kënnegt sozial Aktiounen un

Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Servior ass eng ëffentlech-rechtlech Entreprise, déi 1998 gegrënnt gouf fir sech ëm d‘Gestioun vun den Alters- a Fleegeheemer ze këmmeren. Servior ass mat 15 Ariichtungen de gréisste Gestionnaire am Land a beschäftegt iwwer 2.600 Mataarbechter. Donieft ënnerhält Servior nach en Dagesfoyer an den Déngscht „Iessen op Rieder“.

Elo also dës ëffentlech-rechtlech Entreprise, zwar net direkt „privatiséiert“ ginn, mee et ass ee laang geheegten Dram, aus Servior e grousse Wirtschaftsacteur ze maachen. Si soll also, wann et dem Wëlle vun der Familljeministesch an dem Sozialminister nogeet, Filiale grënnen a Participatiounen an anere Gesellschaften huele kënnen. Mam Alter schéngt sech vill Geld maachen ze loossen.

Sënn an Zweck vun dëser partieller Privatiséierung, ass et an éischter Linn d‘Lounkäschte massiv ze drécken. Alles wat iwwer „Drëtter“ leeft, an dozou gehéieren d‘Filialen, kann een also nach méi schlecht remuneréieren, wéi et ewell schonns de Fall ass, gemiess un der Verantwortung an dem Aarbechtsopwand. An dat eleng wier schonn e ganz gudde Grond den Sozialdialog ze verhënneren.

Mat dësem Gesetzprojet, mécht d‘Koalitiounsregierung, déi en Donneschdeg mat der CGFP ee Kollektivvertrag gezeechent huet, an der Privatiséierung vum Ëffentlechen Déngscht de Reedel virgeluecht huet, genee dat, wat ee sech vun engem Wirtschaftsacteur ouni Sozialverantwortung erwaarde géif: maximale Profit um Réck vum Salariat, zugonschte fette Profitter vun de Cheffen.

Et goung ni ëm de Mënsch, ëmmer nëmmen ëm de Goss, an den OGBL denoncéiert hei zu Recht ee Skandal sonnergläichen. Déngschtleeschtungen un extern Prestatairen auszelageren, huet vill, ganz vill Virdeeler, an esou och d‘Privatiséierung vun der Administratioun, Maintenance, Restauratioun a Logistik. Hei gi wirtschaftlech Iwwerleeungen der Gesondheetsdéngschtleeschtung iwwerguerdent.

Eng Hand wäscht déi aner

Op där enger Säit als Regierung jéimere, well eise Gesondheetssystem ëmmer manner attraktiv ass, an da mat aller Gewalt d‘Jalonen esou leeën, dat séchergestallt ass, datt d‘Leit déi an den Alters- a Fleegeheemer (gehéiert jo wuel och zum Gesondheetssystem) schaffe wäerten, sech hei am Land keng Wunneng leeschte kënnen. Firwat sollten „Si“ och besser gestallt sinn wéi déi bei LuxTram?

Et ass net geséchert, firwat d‘Regierung, wann se ee Konflikt verhënnert kritt huet, sech onbedéngt neie Sträit mat de Sozialpartner muss siche goen. Geséchert ass dogéint, datt d‘Regierung hei ganz oppen a bewosst géint den SAS-Kollektivvertrag (Secteur des Aides et des Soins) verstouss, fir da Restrukturatiounen an Auslagerunge virhuelen ze kënnen. 600 Jobs, esou den OGBL stinn um Spill.

Ob den OGBL déi gefuerdert Entrevue mat der liberaler Geschäftsfra, pardon, Familljeministesch, kritt an déi iwwerhaapt Loscht huet, hire Frënn ee lukrative Business muedebëtzeg ze maachen ass dat eent. Ob mir eis als Gesellschaft et leeschte sollten, déi „eeler Mënschen“ als Geldautomat oder zumindest wirtschaftlech – a virun allem erneierbar – Ressource ze mëssbrauchen, dat ass dat anert.

Illustratioun: Sabine van Erb / pixabay

Related topics Corinne Cahen, erneierbar, Familljeministesch, OGBL, Ressource, Servior
Next post Previous post