Search

You may also like

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
Money Neiegkeeten

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!
Money Neiegkeeten

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken
Money Neiegkeeten

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken

De Finanzministère vu Frankräich huet elo just d’Ënnerschreiwe vun engem Ofkomme

money

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

Déi zu Lëtzebuerg usässeg europäesch Satellittenagence SES huet an engem Communiqué drop higewisen, datt si genéidegt ass hir Ziler fir 2020 eppes no ënnen ze korrigéieren. D‘Auswierkunge vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Covid19, hunn hir Spueren hannerlooss: de Gewënn vum 1. Semester gouf géintiwwer 2019 carrement halbéiert (86,4 Milliounen Euro = -49%).

Et wier awer – zumindest partiell – och op de Réckgang vum berengegten EBITDA (Earnings Before Interest, Taxes, Depreciation an d’ Amortization) wéi och zousätzlech Steieren am Verglach zum 1. Semester 2019 zeréckzeféieren. Bei den Einname gesäit et ganz esou dramatesch aus: déi sinn ëm 1,5% erofgaangen, woubäi de gréisste Réckgang am 2. Quartal ze notéieren ass.

Deen am stäerkste betraffene Secteur sinn d‘Videoaktivitéiten. Hei huet sech d‘SES schonn zanter enger Rei Joren enger ëmmer gréisserer Konkurrenz missen erwieren. De CEO vu SES, Steve Collar verweist drop, datt et awer nach gelongen ass, am éischte Semester mat zolitte Ventë bei komplizéierte Maartkonditiounen, ee vernënftege Schnëtt hinzekréien.

Hei géif déi proaktiv Reduktioun vun de Käschten zur Kompenséierung vun der Coronaviruskris hir Friichten droen, wat sech dann och sollt an de Resultater erëmspigelen. Wat de Video-Business betrëfft (ëmmerhi ronn 60% vum SES-Geschäft) verzeechnen si Betzder am 1. Semester ee Réckgang vun 8,1%. Am „Netz-Beräich“ konnt een dogéint ëm 6,4% zouleeën.

De Loftfaartsecteur war glécklecherweis manner staark betraff wéi ugeholl gouf, mee bei de stattlechen Déngschtleeschtunge géif et ee liichte Recul vun 2,2% ze verzeechnen. 2020 wäert esou kaum ee Referenzjoer ginn. Bei den Einname wäert ee wuel ënnert 1,9 Milliarden Euro bleiwen, den EBITDA géif sech dann am Beräich vun 1,14 Milliarden apendelen.

Et ass also net vu Muttwëll, datt ee bei der SES den Akzent op d‘Netzwierk-Aktivitéit leet. Eng Restrukturatioun ass jo och virgesinn, wat bei de Gewerkschaften engersäits an der Oppositioun eppes fir ierger gesuergt huet. De Sozialplang an enger Entreprise wou de Staat sollt ee Wuert matzeschwätzen hunn, gouf villfach denoncéiert. Mee de Staat mëscht sech do net an…

Illustratioun: © Galen Trout / unsplash

Related topics Covid19, EBITDA, SES, Société Européenne des Satellites, Verloscht
Next post Previous post