Search

You may also like

Den Däiwel beim „March for Life“
Neiegkeeten

Den Däiwel beim „March for Life“

Hien ass zynesch, Misogyn an erwisenermoossen och ee Rassist, beherrscht

Vill kriminell Aktivitéit trotz Pandemie
Neiegkeeten

Vill kriminell Aktivitéit trotz Pandemie

Datt sech Brigange vu Krisen net vun hire kriminellen Aktivitéiten

Editorial: Wann de Patron dech am A huet
Neiegkeeten

Editorial: Wann de Patron dech am A huet

Elo ass et dann entscheet ginn. Déi national Kommissioun fir

Vergësst d‘Regierung hier Engagementer?

Am Kontext vum Sozialplang bei der SES zu Betzder schéngt au Siicht vum OGBL de Fall ze sinn

Vergësst d‘Regierung hier Engagementer?

An zu Esch-Uelzecht beim OGBL war een dann och entspriechend iwwerrascht, wéi ee sech um 9. Juni d‘Argumenter unhéieren huet, déi de Premierminister Xavier Bettel (DP) a senger Äntwert op d‘Froe vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar ervirbruecht huet. Dee wollt vun der Regierung wësse wéi eng Zukunft ee sech fir d‘SES, eng Pärel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft, virstelle muss.

SESHei huet de Regierungschef déi vun der SES annoncéiert Restrukturatiounspläng, a folgerichteg den unhängleche Sozialplang ënnerstëtzt, an deem hien dësen als Noutwennegkeet unerkannt huet. De Premier huet an der Chamber och d‘Argument vum SES-Direkter opgegraff, dee sengersäits drop higewisen hat, dat gewësse Kompetenzen obsolet sinn an et fir d‘Zukunft nei Kompetenze brauch.

Dat ass fir den OGBL onverständlech Deklaratioun, wëll si „mécht Abstraktioun vun de méiglechen Alternativen, déi manner brutal, dofir méi sozial“ wieren. Zudeem ass d‘Gewerkschaft der Usiicht, datt seng Ausso an der Chamber voll a ganz den Engagementer aus dem Koalitiounsvertrag 2018-2023 widdersprécht. Doranner haten sech d‘Koalitiounspartner däitlech fir d‘Aarbecht ausgesprach.

Am Kapitel „Travail & Emploi“ hält den Accord fest datt „d‘Objektiv muss d‘Ofsécherung vun de beruffleche Parcoursen an de Erhalt vun der Aarbecht sinn“. Den OGBL interpretéiert de Programm vun der Regierung esou, datt ee folgerichteg muss op d‘Formatioun an d‘Rekonversioun vun de Kompetenze setzen, an net op Sozialpläng. Besonnesch da wann dat duerchaus ze leeschten ass.

De Sozialplang dierf nëmmen déi lescht Optioun sinn

Dat géif jo och der Positioun vun de Gewerkschaften – am Kontext vun der SES-Restrukturatioun – entspriechen. Déi vertruede Gewerkschaften hunn dann och Verhandlunge gefuerdert, déi zu engem Erhalt vun der Aarbecht (Plan de Maintien dans l‘Emploi – PME) féieren, iert een zum Instrument „Sozialplang“ gräift. Dat awer schéngt de Premierminister Xavier Bettel hei net ze consideréieren.

Mat dësem legalen Instrument awer, kéint een déi negativ Konsequenze fir déi Lounofhängeg bei der SES offiederen. Et ass dem OGBL ëmsou méi onverständlech, datt sech d‘Regierung – déi jo awer ee wichtegen Aktionär vun der SES ass – net méi staark fir de PME agesat huet. Si hätt jo do am Verwaltungsrot méi wéi nëmmen „nozelauschteren“, an hätt misse Verantwortung iwwerhuelen.

Den OGBL weist dann och nach emol op déi legislativ Schwächte vun de Sozialpläng hin. Hei sinn d‘Gesetzer bei wäitem net ausräichend, datt ee vu Schutz fir d‘Salariat schwätze kann. An esou ass et nëmme logesch, datt d‘Gewerkschaft elo eng Revisioun vun der Legislatioun, am Bezuch op déi ekonomesch Licenciementer, fuerdert. Dat awer ass Zäitopwänneg. Eng Zäit déi net ginn ass…

Illustratioun: © Hugo Jehanne / unsplash

Related topics LCGB, OGBL, Regierung, Restrukturéierung, SES, Société Européenne des Satellites, Sozialplang, Xavier Bettel
Next post Previous post