Search

You may also like

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis
Neiegkeeten

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet dem Stater

Bei liewegem Leif verbrannt
Neiegkeeten

Bei liewegem Leif verbrannt

Bei engem Brand an engem Spidol am Nordoste vu Rumänien

D’Jane Austen, erkläert
Neiegkeeten

D’Jane Austen, erkläert

Haut, de 18. Juli 2017, ass den 200. Doudesdag vun

Éischt Sëtzung vum ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet

Éischt Sëtzung vum  ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet

Gëschter am Nomëtte war am Stater Cercel déi éischt Sëtzung vum ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet, deen op d’Gesetz vum 27. Mäerz 2018 iwwert d’Organisatioun vun der Sécurité civile an d’Schafe vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) zréckgeet.

De Conseil supérieur de la sécurité civile huet als Missioun, säin Avis ofzeginn zu alle Froen, déi d’zivil Sécherheet betreffen; en éischte wäert deen zum PNOS sinn, de „Plan national d’organisation des secours“, deen dem CGDIS jo d’Moyene soll ginn, fir an Zukunft iwwerall am Land bannent 15 Minutten intervenéieren ze kënnen. Den ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet kann dem Minister awer och Virschléi maachen, wat d’Organisatioun an de Fonctionnement vun de Rettungsdingschter ugeet.

An hirer Begréissungsried huet d’Inneministesch, Taina Bofferding, ënnerstrach, et wär fir si net nëmmen eng Prioritéit, mä eng Flicht, fir de Beräich vun der Sécurité civile sou opzestellen, dass d’Land doduerch méi resilient, spréch méi widderstandsfäeg gëtt.

De Conseil supérieur de la sécurité civile besteet aus 15 Memberen, deenen hir Diversitéit vun de Profiller der Diversitéit vum Beräich vun der ziviller Sécherheet entsprécht; iwwregens si 40% vun de Membere Fraen. Éischte President vum ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet ass den Alain Becker, Premier Conseiller de Gouvernement am Inneministère.

Matgedeelt vum Inneministère

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics 15 Minutten, CGDIS, Conseil supérieur de la sécurité civile, Gesetz vum 27. Mäerz 2018, Inneministère, PNOS, Taina Bofferding, zivill Sécherheet
Next post Previous post