Search

You may also like

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft
Meenung Neiegkeeten

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

D’EU-Parlament stëmmt an dëser Woch iwwert d’Virschléi vun der EU-Kommissioun

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
Meenung Neiegkeeten

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…
Meenung Neiegkeeten

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…

Wollt de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch

Fir eng eenheetlech Schouloffer

Fir eng eenheetlech Schouloffer

Zanter der Rentrée 2017/2018 mussen d’Schoulen am Kader vun der Schoulautonomie un engem eegene Schoulprofil schaffen. Heibäi dierfen a kënnen nei Sektiounen a Klasse mat spezifesche Sproochregimmer (z.B. anglophon, frankophon, asw.) gegrënnt ginn.

D’Schoulen trieden esou a Konkurrenz statt a Kooperatioun ënnerteneen, a vill Zäit geet verluer, fir sech vun anere Schoulen ze demarkéieren, amplaz zesummen am Interessi vun alle Schüler ze schaffen. Konkurrenz tëscht de Schoulen heescht och Konkurrenz tëscht de Schüler ëm déi beschte Bildungschancen, wat zu engem Ofbau vu Chancëgläichheet féiert.

Liberal Bildungsideologië wëllen eis Bildungslandschaft wéi e Marché nom Prinzip vun Offer an Demande, Konkurrenz a Kompetitivitéit reegelen a verbaue ville Schüler sou hier Zukunftschancen. Statt Konkurrenz tëscht de Schoule fuerdere mir Kooperatioun tëscht de Schoulen an eng eenheetlech Schouloffer, déi fir all Schüler accessibel ass, egal ob hien am Norden oder Süde vum Land wunnt.

Matgedeelt vu SEW-OGBL an APESS

Related topics APESS, Konkurrenzkampf, Privatiséierung, Schoulsystem, SEW-OGBL
Next post Previous post