Search

You may also like

Sundance Film Festival 2020: Grouss Auszeechnung fir „Yalda, A Night For Forgiveness“
Neiegkeeten

Sundance Film Festival 2020: Grouss Auszeechnung fir „Yalda, A Night For Forgiveness“

Vum 23. Januar bis den 2. Februar sinn beim Sundance

Nationaalt Verkafsverbuet vu Glyphosat ab dem 1. Juli
Neiegkeeten

Nationaalt Verkafsverbuet vu Glyphosat ab dem 1. Juli

Ab dem haitege Mëttwoch gëllt en nationaalt Verbuet fir de

Legal… Illegal… Schäissegal…
Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

SEW/OGBL: De Kampf gëtt weidergefouert

SEW/OGBL: De Kampf gëtt weidergefouert

Nom mediatiséierten Dialog tëscht Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL an Educatiounsminister, ass dësen „Dialog“ gëschter mat eppes méi Nodrock weidergefouert ginn. Zesumme mam Gilles Everling (APESS) hunn de Jules Barthel an d‘Vera Dockendorf (SEW/OGBL) déi un de Minister geriichte Kritik nach emol widderholl an ee puer Akzenter gesat.

Am Virdergrond steet nach ëmmer déi vum Claude Meisch (DP) geplangte Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul. Si dinn sech schwéier mat deem vum Minister geplangten/organiséierte „PPP“ (ëffentlech-privat Partnerschaft), dem neien ëffentleche Management an dem siichtlech bewosst agefouerte Konkurrenzdenken tëscht de Schoulen iwwert den Ëmwee vun der Schoulautonomie.

Fir de SEW/OGBL-Vizepresident Jules Barthel géif den Educatiounsminister sech ee riskant Spill aloossen, wann hie weiderhin de Konkurrenzkampf ënnert den ëffentleche Schoulen am Land géif fërderen. Esou eppes hätt zur Konsequenz, datt déi sozial Ongläichheeten nach gréisser ginn an esou déi sozial Kohäsioun am Land géif op d‘Spill gesat ginn. D‘Schoul awer steet net zum Verkaf.

D‘Intervenante vu SEW/OGBL an APESS hunn sech nach emol de Gesetzprojet 7662 zu Gemitt gefouert. Mat dësem Gesetzprojet, deen de Minister kuerzfristeg zeréckgezunn, net awer liquidéiert huet, soll jo d‘Direktiounsposte vu Schoule fir Leit aus dem ëffentleche Secteur opgemaach ginn. De Problem: si musse keng Erfarung am Schoulwiese virweisen, an hätten och soss Avantagen.

Fir de Jules Barthel, d‘Vera Dockendorf an de Gilles Everling widdersprécht de Minister Meisch allen demokratesche Prinzipien, wann hie sech weiderhin dem direkten Dialog mat de Leit um Terrain, mee och de Schüler an Elterevertriedunge verweigert. Hei goufen dann nach emol eng Rei essentiell Remarke widderholl, déi et engem tatsächlech kal de Réck eroflafe loossen…

Esou dierf nach emol drop higewise ginn, datt am PPP-Kontext op auslännesch Entreprisen (déi mëttlerweil net emol méi an EU ugesidelt sinn) zeréckgegraff gëtt, déi nieft dem Schoulprogramm, d‘Examensfroen an esouguer d‘Auswäertung vun den Exame geréieren. Net ze vergiessen, datt hien d‘Digitalisatioun den US-Konzerner Apple (Hardware) a Microsoft (Software) uvertraut huet.

Illustratioun: © Arisa Chattasa / unsplash

Related topics APESS, Claude Meisch, Educatiounsminister, Privatiséierung, SEW-OGBL
Next post Previous post