Search

You may also like

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher
Neiegkeeten

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher

Um Freideg hunn d’Ministesch Lydia Mutsch (Chancëgläichheet) an de Minister

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht

Nodeems d‘CGFP de 27. November am Kader vu senger grousser

surprise
Zur Covid19-Lag an eise Spideeler
Neiegkeeten

Zur Covid19-Lag an eise Spideeler

Virun enger klenger Woch hu mir scho missen annoncéieren, datt

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun

Den SEW-OGBL ass nach ëmmer wéinst dem Manktem un Enseignanten am „Fundamental-Unterrecht“ besuergt. Besonnesch géif een et bedaueren, datt den Erzéiungsminister Claude Meisch den Dialog ofgebrach hätt.

Fir de Patrick Arendt, President vum SEW-OGBL, ass de Manktem un Enseignanten am Fundamental-Unterrecht, ee säit Joerzéngte bekannte Problem. Datt een deem net Meeschter gëtt, dorunner wier an éischter Linn d‘Politik vum Erzéiungsminister schold.

Dem Claude Meisch säi Gesetzprojet, deen nach an dësem Fréijoer duerch d‘Chamber geet – well d‘Gesetz virum 15. September a Kraaft triede muss – wier awer wäit dovunner ewech Léisungsusätz fir déi sëlleche Problemer ze bidden, déi bestinn.

Besonnesch beim Rekrutement vun Enseignante läit villes am Uergen. An hei huet den SEW-OGBL dann och ganz pertinent Fuerderungen. Dorënner d‘Reform vum Stage, an déi vum Minister als Iwwergangsléisung virgeschloe Ëffnung fir Leit mat engem Bachelor-Diplom.

An dësem Kontext stäipt sech den SEW-OGBL géint eng vun den Dispositiounen déi am Text enthalen ass. Laut dëser bleift de Schoulmeeschter mat engem Bachelor, deen net e Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften ass, e Generalist, deen all Fächer enseignéiere kann“.

Eng zäitlech Begrenzung

Dat géif esou net goen, mengt de Patrick Arendt, a fuerdert datt am Text eng Iwwergangsperiod vun zwee bis dräi Joer muss festgehale ginn. Dat fir ze verhënneren, datt all Student mat engem „iergendengem“ Bachelor-Diplom, en Usproch op eng Plaz als Enseignant ka stellen.

Mee beim SEW-OGBL ass ee sech dann awer och am Kloren, datt d‘Reform scho wäit fortgeschratt ass, an et wéineg Spillraum fir Ännerunge gëtt. De Minister, dee säi Gesetzestext – nom Avis vum Staatsrot – Mëtt Februar amendéiert huet, dierft deen um Krautmaart ugeholl kréien.

Trotz dëser Ausgankssituatioun, erhofft sech den SEW-OGBL vill vun der Interventioun, déi den Deputéierte Claude Adam (déi gréng) an der nächster Woch an der Chamber virgesinn huet. Wéi en Afloss d‘Interventioun op de Gesetzprojet nach kann hunn, ass dann awer net gewosst.

Ofgesinn dovunner, hält den SEW-OGBL un enger Reform vum Stage fest. De Stage misst genotzt ginn, fir d‘Enseignanten déi am Stage sinn, ze begleeden an ze beroden. Dat stännegt „Evaluéieren“ géif jonke Studente keng Loscht op de Beruff als Schoulmeeschter maachen.

Studienzäit vu 4 Joer net a Fro stellen

Wat d‘Studienzäit vu véier Joer betrëfft, esou wéi se vun der UNI.LU festgeluecht ginn ass, dierft een net a Fro stellen. D‘Monique Adam betount dann och, datt den Dekan vun der Universitéit sech an dësem Punkt hannert d‘Gewerkschaft stellt.

Eng Feststellung, déi si aus den Entrevue mam Stéphane Pallage an den Deputéierten aus der parlamentarescher Kommissioun fir Erzéiung matbréngt. Et bréicht een eng seriö Ausbildung. Eng Formatioun op der IFEN (Nationaalt Institut fir d‘Formatioun am Erzéiungswiesen) fir Studente mat „iergendengem“ Bachelor-Diplom, wier keng dauerhaft Léisung.

Den SEW-OGBL hält dann och nach fest, datt dem Claude Meisch seng aktuell Schoulpolitik, déi ëffentlech Schoul an e schlecht Liicht réckt. Et wier offensichtlech, datt iwwert dëse Wee, de private Schoulsecteur gestäerkt gëtt, an d‘Vertrauen an déi ëffentlech Schoul verluer geet.

An deem Sënn start den SEW-OGBL déi nächst Woch eng Campagne, mat där se d‘Leit fir d‘Situatioun an der ëffentlecher Schoul wëlle sensibiliséieren. Et géifen sech vill Elteren no Alternativen ëmkucken, well se d‘Vertraue verluer hätten, deem misst een eppes entgéint stellen.

Foto: (v.l.n.r.) D‘Monique Adam an de Patrick Arendt vum SEW-OGBL gi sech es net midd, op d‘Feeler an der Schoulreform hinzeweisen,. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Claude Meisch, Fundamental-Unterrecht, Monique Adam, Patrick Arendt, SEW-OGBL
Next post Previous post