Search

You may also like

National Impfstrategie mat der Phas 4
Neiegkeeten Stories

National Impfstrategie mat der Phas 4

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie wäerten an dëser Woch

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren
Neiegkeeten Stories

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren

Nodeems et verschiddentlech Virfäll ginn huet, déi alt nees fir

Halifax International Security Forum: D’EU a Groussbritannien am Fokus
Neiegkeeten Stories

Halifax International Security Forum: D’EU a Groussbritannien am Fokus

Leschte Samschdeg huet de Verdeedegungsminister François Bausch un der virtueller

Sex-Poppen op amazon.fr suerge fir Kaméidi

Amazon Frankräich zitt kannerähnlech Poppen zur sexueller Befriddegung aus dem Sortiment eraus

Sex-Poppen op amazon.fr suerge fir Kaméidi

Nodeems de leschte Weekend direkt an ganz Rëtsch u Verbänn an Organisatiounen, déi sech fir d‘Wuel vum Kand an géint de Mëssbrauch vu Mannerjäregen am Frankräich engagéieren „Alarm“ ausgeléist haten, huet de Staatssekretär fir Jugend a Familljen, Adrien Taquet, Verantwortung am wuertwiertleche Sënn iwwerholl.

„Nodeems eng Rei Associatiounen – deenen ech hei Merci wëll soen – iwwert d‘Vente vu Poppe mat sexuellem Charakter a kannerähnlechem Ausgesinn um Site vun der Onlineverkafsplattform Amazon alertéiert hunn, hunn ech Amazon Frankräich gebieden d‘Kommerzialisatioun vun dëse Poppen anzestellen. Si der Demande direkt nokomm a verspriechen Opmierksam ze bleiwen“.

PoppenAmazon Frankräich huet sengersäits och reagéiert an ee kuerze Communiqué eraus ginn: „De Schutz vu Kanner a Jugendlechen ass eng Prioritéit fir eis. All eis Verkeefer/Partner si gehalen sech eiser Politik unzeschléissen. All Verstouss géint dës kommerziell Politik féiert zu Konsequenzen, an ënnert gewësse Konditiounen zur Verbannung vun eiser Onlineverkafsplattform.

Déi international Associatioun AIVI (Association Internationale des Victimes de l‘Inceste) hat op hirem Twitteraccount e Samschdeg 15. August d‘Informatioun erausginn. Si begréissen déi séier Reaktioun vum Adrien Taquet, a verweisen nach emol op déi gülteg Gesetzgebung hin. Si hunn zudeem drop higewisen, datt et schonn ähnleche Fall 2018 a Groussbritannien ginn hat.

PoppenWann elo Amazon Frankräich „entspriechend“ reagéiert huet, esou sinn nach ëmmer ähnlech Produiten op der internationaler Onlineverkafsplattform (amazon.com) erhältlech. Dat huet dann awer nees mat der US-Gesetzgebung ze dinn. Et sollt een zudeem och net unhuelen, datt den US-Konzern deen eenzegen ass, dee maximale Profit iwwert ethesch Grondwäerter stellt.

Lëtzebuergesch Justiz och reaktiv

Um Mëttwoch 19. August huet dann och déi Lëtzebuerger Staatsanwaltschaft op de Virfall bei eise franséischen Nopere reagéiert. Aus dem Communiqué geet ervir, datt de Parquet zu Lëtzebuerg null Toleranz bei esou „Saachen“ zouléisst, a Leit déi géint d‘Gesetz verstoussen, mat enger Amende vu bis zu 50.000 Euro an/oder enger Prisongsstrof vu bis zu 3 Joer ze rechnen hätten.

Wann den eigentlechen Text vum Parquet nees eppes „onglécklech“ formuléiert ass, an et sech och net ëm „Opblosbar Poppen“ handelt, esou dierf ee begréissen, datt iwwerhaapt eppes derzou gesot ginn ass. Op et an dësem Fall net awer vläicht ubruecht gewiescht wier, d‘Vetrieder vun der Direktioun vun Amazon Europe, déi hunn hire Sëtz op 33 Rives de Clausen, zu engem klärende Gespréich anzelueden, wollt och trotz eisem insistéieren nees kee beim Parquet kommentéieren.

PoppenOch Amazon Europe selwer, huet sech geweigert eppes zu hirem internationale Geschäft ze soen an domadder gedreet, sollten si als europäesch Zentral mat de Virwërf zur internationaler Praxis a Verbindung bruecht ginn, eis wéinst Verleumdung unzekloen. Si géifen sech un déi jee no Land ënnerschiddlech ausfalend Gesetzer halen, an esou dës Produiten och net hei am Land ubidden.

Et kéint ee si allerdéngs net verantwortlech maachen, datt sech Konsumenten um internationale Maart géife bedéngen. Mat der Ethik ass et wéi gesot net esou einfach, wann et ëm Geld geet. A richteg ass och, datt vill aner Plattformen „esou eppes“ ubidden, an et Länner gëtt, an deenen de Verkaf vun esou Poppen absolut legal ass. Et wäert een dat nach laang mussen denoncéieren.

mat indymedia/par/lon/nyc

Related topics Amazon, Onlinehandel, Parquet, Pedophilie, Pedopornographie, Sex-Poppen
Next post Previous post