Search

You may also like

Terror iwwer Sri Lanka
Neiegkeeten

Terror iwwer Sri Lanka

Op Ouschtersonndeg ass et zu Sri Lanka bannent 30 Minutten

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch
Neiegkeeten

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch

Déi israelesch Arméi huet bestätegt an der Nuecht vum Dënschdeg

Den ACL begréisst säin 180.000 Member
Neiegkeeten

Den ACL begréisst säin 180.000 Member

Gutt Stëmmung beim Automobilclub Lëtzebuerg op der Helfenterbréck. Net nëmmen

Sexuelle Mëssbrauch: Ouni Sensibiliséierung komme mir net virun

Sexuelle Mëssbrauch: Ouni Sensibiliséierung komme mir net virun

Um Mëttwoch huet d‘ONG „ECPAT“, déi sech staark am Kampf géint all Forme vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner engagéiert, hir national Enquête zur Perceptioun vun der sexueller Ausbeutung vun de Kanner virgestallt an och verëffentlecht. Erfreelech ass dëse Rapport net.

Mëssbrauch

ECPAT hat am Summer 2019 mat der TNS-Ilres eng online Enquête gestart un där sech 1.113 Awunner bedeelegt hunn an hir Perceptioun vun der sexueller Gewalt géintiwwer Kanner konnte matdeelen. D‘Feld ass breet gefächert: vun der Prostitutioun, dem Sex-Tourismus, den Echange vu kannerpornographeschem Material bis hinn zum Grooming, näischt gouf ausgelooss.

Interessant, wann elo net verwonnerlech, iwwer 90% vun de befrote Leit empfannen de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner als eng Sauerei, a sinn der Usiicht, datt et nieft méi Informatioun a Sensibiliséierung, och muss zu méi repressive Mesure kommen. Domadder bestätegt dës Enquête, d‘Sondagen aus de Joren 2008 an 2015, déi och scho vun der TNS-Ilres gemaach goufen.

Datt Informatioun ee gutt Mëttel an der Preventioun an am Kampf géint d‘Pedokriminalitéit ass, kléngt gutt, mee et feelt eendeiteg u Campagnen. Fir den ECPAT-Direkter Thomas Kauffmann, besteet e vun de Problemer doranner, datt den Thema selwer keen einfachen ass, an et villen Affer schwéier fält doriwwer ze schwätzen. Mee et kann een de Sujet net weider ausblennen.

Nëmme wann d‘Leit anstänneg an ëmfangräich informéiert sinn, a sech och emol bewosst ginn, datt jidderee säint derzou bäidroe kann, datt d‘Kanner besser geschützt sinn, kann dëse Kampf opgeholl ginn. Ausbeutung a sexuelle Mëssbrauch gëtt et op der ganzer Welt, an wa Lëtzebuerg eigentlech a punkto Kannerprostitutioun éischter verschount ass, esou feelt et net u krimineller Energie.

Lëtzebuerg ass keng Insel

Nach déi lescht Woch hu mir misse beriichten, datt d‘Police ganzer 46 Perquisitiounen am Land duerchgefouert huet, nodeems si Hiweiser vun Interpol erhalen haten, datt Lëtzebuerg zu enger Ëmschlaagsplaz fir kannerpornographescht Material verkomm ass. Et ass zudeem längst kee Geheimnis méi, datt et och zu Lëtzebuerg Residente gëtt, déi hire Näipungen als Touristen noginn.

An dësem Kontext ass et ECPAT wichteg drop hinzeweisen, datt dës schänterlech Praxis sech net op de südostasiatesche Raum beschränkt. Dofir ass et jo och esou wichteg, datt ëmmer nees informéiert gëtt, an de Leit erkläert muss ginn, datt een net ontäteg dierf bleiwe wann een Zeie vun esou engem Mëssbrauch gëtt. OP een allerdéngs mat Wierder ee Sexualtäter ka vu sengen Näipen ofhalen?

Eppes onverständlech war dann awer och de Saz: „D‘Majoritéit vun de Mënschen déi Kanner wärend enger Auslandsrees sexuell mëssbrauchen, wieren net pedophil mee hätte mental Problemer. Si géifen sech eng Offer ausgesat gesinn, an drop dës zougräifen“, esou den Thomas Kauffmann. Datt eng pedophil Persoun psychesch „gestéiert“ ass, huet awer mam Tourismus näischt ze dinn.

Wann ee sech nach kann drop verstännegen, datt eng Persoun déi sech u Kanner vergräift (an dat net nëmme sexuell) net ganz kloer am Kapp ass, an datt et sécher ubruecht wier, dës an enger spezialiséierter Ariichtung „ënnerzebréngen“, kann déi un de Kanner ausgeüübte Gewalt awer net verhënneren. Et muss wesentlech méi a virun allem méi konsequent Preventioun bedriwwe ginn.

Illustratioun: © Silver Ringvee / unsplash

Related topics Ecpat, Grooming, Kannerpornographie, Pedophilie, Sextourismus, Sexuelle Mëssbrauch
Next post Previous post