Frankräich virum Lockdown
Um Freidegowend sinn am Frankräich 4.033 Covid19-Patienten op den Intensivstatioune
Um Freidegowend sinn am Frankräich 4.033 Covid19-Patienten op den Intensivstatioune
Et sinn nëmmen nach knapp 2 Méint, bis datt dat
Bei der Beruffskummerwahle vum ëffentlechen Déngscht, déi dës Kéier opgrond
De Poopst Francis schéngt sech virgeholl ze hunn, mat enger weiderer Traditioun vun der Kierch ze briechen: „et solle keng Verbrieche méi vertuscht oder gedeckt ginn“, esou den hellege Papp deen e Gesetz erlooss huet, mat deem vum Äerzbëschof bis zum Laien, jiddereen zur Meldung verflicht ass.
Fir déi kathoulesch Kierch ass et eppes wéi e Paradigmewiessel, fir Mënschen déi selbstänneg denke kënnen, beschtefalls schmiereg Propaganda. An engem „neie Gesetz“ huet de Poopst Francis verfüügt, datt all Member vun der Kierch, onbeuecht senger Positioun, zukünfteg gehalen ass Mëssbrauch ze mellen. D‘Gesetz geäit och vir, liicht zougänglech Meldestellen anzeriichten.
An sengem „motu propriu“ (aus eegenem Undriff – also vum Poopst perséinlech verfaasst) huet de Kierchemann bestëmmt, datt Affer a Whistleblower musse geschützt ginn. Hir Aussoen an Hiweiser solle mat Wuelwëllen opgeholl a mat gréisstem Eescht verfollegt ginn. Et soll zudeem séchergestallt ginn, datt kengem deen e Mëssbrauch mellt, an der kathoulescher Kierch et Nodeel entsteet.
Dës weidere sollen d‘Affer an hir Familljen, elo och „geeschtlech“a „medezinesch“ Hëllef an Usproch huelen dierfen. Fest steet elo och, datt ee sech no „Kiercherecht“ Strofbar mécht, wann ee Mëssbrauch deckt oder Ermëttlungen (bewosst) behënnert. Laut dem Äerzbëschof Charles Scicluna, Glawenskongregatiounssekretär, ass et ee weltwäit gültegt Gesetz an ee staarkt Zeechen…
Laut dem Poopst-Gesetz mussen déi regional „Direktioune“ méi Verantwortung iwwerhuelen, an d‘Äerzbëscheef hunn elo, wann e Verdacht virläit, d‘Recht géint Geeschtlecher (egal ob Paschtouer oder Bëschof) an hirem Verantwortungsberäich ze ermëttelen. Verdachtsfäll mussen elo an engem Zäitraum vun héchstens 30 Deeg dem Vatikan gemellt ginn.
De Sekretär vum vatikanesche Justizministère, Juan Ignazio Arrieta Ochoa, gëtt weider Erklärungen zum Gesetz, dat keen an der kathoulescher Kierch entbënnt mat den offiziellen Autoritéiten (Staat) zesummenzeschaffen. „Jidderee muss strengstens d‘Virschrëfte vum jeeweilege Land respektéieren. Besonnesch d‘Verflichtung Gesetzverstéiss den zoustännegen Autoritéiten ze mellen“, sot hien.
Interessant – well kaum ugeschwat – d‘Gesetz bezitt sech net nëmme méi op de Mëssbrauch vu Mannerjäregen, et soll zukünfteg och eppes géint „d‘Belästegung vun Erwuessenen“ ënnerholl ginn. Domatter kéint dem systematesche Mëssbrauch vun Nonnen endlech Rechnung gedroe ginn. D‘Gesetz trëfft, esou déi offiziell Ausso, elo am Juni a Kraaft a muss bis Juni 2020 ëmgesat ginn.
mat indymedia/rom/bru