Search

You may also like

Den neierleche Lockdown provozéiert
International Neiegkeeten

Den neierleche Lockdown provozéiert

An enger Rei Länner vun der Europäescher Unioun, mee och

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018
International Neiegkeeten

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018

De Summer 2018 war deen 2. wäermsten dee vun der

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit
International Neiegkeeten

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit

Et ass dann awer nees bemierkenswäert, wéi eng Iddien aus

Séinoutretter*inne vu MOAS gi mat der SEA-EYE 4 op d’Mëttelmier

Séinoutretter*inne vu MOAS gi mat der SEA-EYE 4 op d’Mëttelmier

D’Hëlleforganisatioune Sea-Eye a MOAS hunn eng intensiv Zesummenaarbecht fir d’Duerchféierung vu Sich- a Rettungsmissioune bestëmmt. D’SEA-EYE 4 ass en 48 Joer aalt Fuerschungsschëff (Baujoer 1972, 55 m laang an 11 m breet). D’Organisatioun Sea-Eye huet d’Schëff mat der Ënnerstëtzung vun United4Rescue kaf a baut et zur Zäit zum Rettungsschëff ëm.

Dat gemeinsamt Zil vun den zwou Organisatiounen ass et, operativ zesummenzeschaffen, fir méi Mënscheliewen ze retten an Opmierksamkeet fir déi Mënschen ze erzeugen, déi nach ëmmer duerch d’EU-Ofschottungspolitik am Mëttelmier stierwen.

Sea-Eye a MAOSsea-eye / Twitter

„Mir sinn der fester Iwwerzeegung, datt keen et verdéngt op der Sich no Sécherheet ze stierwen. Dofir hunn mir 2013 MOAS gegrënnt: fir Liewen ze retten. Mir freeën eis iwwert d’Zesummenaarbecht mat Sea-Eye fir eist Wëssen a Knowhow iwwer Rettungsoperatiounen ze deelen. Tëscht 2014 an 2017 huet MOAS mat eisen Aktiounen am Mëttelmier an an der Ägäis méi wéi 40.000 Mënschen d’Liewe gerett. Elo wëlle mir zesummen, esou vill gefährt Leit wéi méiglech retten. D’Zivilgesellschaft ass der fester Iwwerzeegung, datt d’Ëmsetzung vu sécheren a legale Mikratiounsstrecken wichteg ass, fir weider Doudesfäll op Séi ze vermeiden“, seet d’Regina Catrambone, Direktesch vu MOAS.

„Mir sinn houfreg drop, datt Séinoutretter*inne vu MOAS op eisem Schëff zeréck an den Asaz ze bréngen. Eis operativ Zesummenaarbecht huet virun allem een Zil: zesumme méi Mënscheliewen ze retten. Tëscht 2016 an 2017 hunn sech eis Crewen am Rettungsasaz begéint. An elo schaffe mir zesummen”, erkläert de Gorden Isler, Virsëtzender vu Sea-Eye e. V.

MOAS war déi éischt Hëllefsorganisatioun, déi säit 2014 um zentrale Mëttelmier aktiv gouf, fir Mënsche virum Erdrénken ze retten. Déi gemeinsam Missioune mat der SEA-EYE 4 sinn ab Februar 2021 geplangt. D’Asazpläng dozou ginn an de kommende Wochen zesummen entwéckelt. MOAS wäert Sea-Eye mat professionellem Personal, gemeinsamem Sich- a Rettungstraining, strategescher Expertise a mat enger internationaler Spendenkampagnen ënnerstëtzen.

Sea-Eye a MAOSD’SEA-EYE 4

An dësem Joer huet besonnesch D’COVID-19-Pandemie zu enger weiderer Verschlechterung fir d’Situatioun fir schutzbedierfteg a flüchtend Mënsche gefouert, well vill Länner hier Grenzen zougemaach hunn. Länner wéi Malta, Italien, Griicheland a Spuenien ginn och weiderhi vun den aneren EU-Staaten bei der Opnam vu Geflüchten eleng gelooss. Däitschland koum sengen Zousoe just schleefend no. Den däitsche Verkéiersminister an den däitsche Banneminister hunn souguer probéiert den Asaz vun däitsche Schëffer zur Séinoutrettung ze verhënneren. Eng staatlech Alternativ ass net a Siicht. Méi als 700 Mënschen, sinn eleng dofir am zentrale Mëttelmier erdronk.

„Mir huelen d’Rettungsmissiounen erëm op, fir sou vill Mënsche wéi méiglech ze retten, déi u Bord vun net séitüchtege Booter Schutz viru Krich, Folter an Honger sichen. Obwuel mir der Instabilitéit an de Konflikter keen Enn bereede kënnen, hunn mir awer d’Chance, d’Zuel vun den Doudesfäll op Séi ze verréngeren, andeems mir déijéineg ënnerstëtzen, déi an hirer Verzweiwlung weiderhi versichen, de Mëttelmieriwwergang ze passéieren”, sou d’Regina Catrambone weider.

Déi gemeinsam Missioune mat der SEA-EYE 4 sinn ab Februar 2021 geplangt. D’Asazpläng ginn de Moment nach entwéckelt..

Related topics #WirSchickenNochEinSchiff, Asaz, Flüchtlingen, Mëttelmier, Migrant Offshore Aid Station, MOAS, Regina Catrambone, Sea-eye 4, Sécherheet, Séinoutrettung, Zesummenaarbecht
Next post Previous post