Search

You may also like

dislike
Wéi gutt kenns du d’Nordstad?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Nordstad?

[onionbuzz quiz-id=32][/onionbuzz] Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen
Kultur Neiegkeeten

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis
Kultur Neiegkeeten

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis

Et war richteg eng lass, gëschter Owend an der „Maison

ShadoWhisperS – Musikalesch d’Däischtert liewen, spieren a spillen

ShadoWhisperS – Musikalesch d’Däischtert liewen, spieren a spillen

Wien mengt datt symphonesche Metal ausgestuerwen ass, dee sollt elo emol seng Ouere spëtzen. D’Lëtzebuerger Museker vu ShadoWhisperS kombinéiere mat hirem Wierken nämlech Elementer aus dem Powermetal, dem klasseschen Orchester an der däischterer Atmosphär vum Gothik-Rock. Mat Mara bréngen si elo ee gefierchtete Gaascht op d’Bühn, dee fir düster Gedanke suerge well.

Nodeems sech 2009 ee Grapp voll passionéierter Museker zesumme fonnt huet, fir zesummen hir Léift zum symphonesche Metal auszeliewen, konnt d’Band ShadoWhisperS gegrënnt ginn. Et huet eng Zäitche gedauert fir ze experimentéieren, de Line-Up ze changéieren a rauszefannen, wien wéi am Beschten zesumme schafft. Mee spéitstens 2017 konnten d’Lëtzebuerger Artiste mat hirer éischter EP „A Tincture Of Gothic Fiction“ d’Friichte vun der jorelaanger Aarbecht weisen.

Mat emotionaler Däischtert geet ShadoWhisperS den epesche Kampf tëscht hell an däischter, Liewen an Dout a banneschte Kricher un. Kee Wonner also, datt si zënter 2019 mat Mara ee paralyséierende Matspiller un hir Säit geholl hunn.

ShadoWhisperS

Den neien Album “Mara” ass zënter 2019 eraus © ShadoWhisperS

D’Wuerzel vun den Albdreem musikalesch verpakt

De jéngsten Album vum Diane (Gesang), Laurent (Keyboard), Jean-Claude (Gittar), Piquet (Bass) a Motti (Batterie) setzt sech nämlech mat depressive Gedanken, Dreem an Albdreem, wéi och den onangenehmen Iddie vun eisem Ënnerbewosstsinn auserneen. Heibäi geet et an 10 Lidder ëm d’Mara, wat d’Verkierperung vun all dësen donkele Gefiller ass. Wann hatt un der Dier schellt, breet sech ee schwéiert Gefill duerch de ganze Kierper aus, bis engem schliisslech d’Loft ewech bleift an ee weder kierperlech, nach mental Beweegung fille kann.

ShadoWhisperS

Nachtmahr vum Johann Heinrich Füssli (1802)

Mara, Mahr, Maere – et kann een et nennen, wéi ee well. All dës Nimm bezeechnen ee Fantasiewiesen, wat an der Nuecht fir Angschtzoustänn suergt. An den nordesche Soe gehéiert d’Gestalt mam erotesche Charakter zu den Hexen a Gespenster. D’Wuert mahr kënnt dobäi vum Germaneschen a bedeit zerstoussen. Eng Engleschen a Franséischen notzt een et an de Wierder nightmare, respektiv cauchemar. Mëttlerweil ass et méi bekannt ënnert dem Wuert Alb fir Albdram. Souvill zum klengen historeschen Exkurs.

Wat op de Weltbühnen Within Temptation ass, ass op nationalem Terrain ShadoWhisperS! An esou kann een engem – egal ob als Fan vum Museksstil oder als virwëtzeg oppe Persoun – nëmmen un d’Häerz leeën, emol an hiert neit Wierk eranzelauschteren. Live gesi kann een d’Band iwwregens den 19. Januar zu Weiler-la-Tour.

Och op Facebook, Instagram, Youtube a Spotify ass d’Grupp ze fannen.

Opmacherfoto: D’Lëtzebuerger Band ShadoWhisperS léisst de symphonesche Metal zu Lëtzebuerg opliewen © J. P. Frisch

Related topics Band, Gothik, Mahr, Mara, Orchester, Rock, ShadoWhisperS, symphonesche Metal
Next post Previous post