Search

You may also like

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
International Neiegkeeten

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

Kultur fir jiddwereen: Persoune mat Handicap solle méi abezu ginn
International Neiegkeeten

Kultur fir jiddwereen: Persoune mat Handicap solle méi abezu ginn

Gëschter huet d’Kulturministesch Sam Tanson déi kulturell Projeten presentéiert, déi

Covid19-Impfstoffer erhalen Noutzouloossung an Indien
International Neiegkeeten

Covid19-Impfstoffer erhalen Noutzouloossung an Indien

D‘Vaccine vum brittesche Pharmaproduzent AstraZeneca an dem heemesche Fabrikant Bharat

Shame on, EU!

Shame on, EU!

Säit Jore ginn d’Crewe vun der Loftopklärungsmissioun Airborne am zentrale Mëttelmier ëmmer erëm Zeien duerch dat vëlkerrechtlech Verstéiss vun der europäescher Grenzschutzagentur Frontex esou och, de 17. Dezember wou si eng Missioun iwwer déi libyscht Sich- a Rettungsmissioun geflu sinn, fir sécherzestellen, datt dat zentraalt Mëttelmier an de Wanterméint kee kale Fleck gëtt.

Zu dëse Staaten gehéiert och d’Biergerkrichsland Libyen. Well dës aktiv Zréckweisungen explizitt verbuede sinn, hëlleft Frontex bei sougenannte „Pull-Backs“, mat deene Geflüchten net vun EU-Eenheete selwer, mee vun der EU-finanzéierter Küstewuecht zeréck a Libyen bruecht ginn. Mat anere Wierder:

D’EU lagert d’Drecksaarbecht vun hirem déidleche Grenzregime einfach aus. Si sinn awer verantwortlech, well dës Pull-Backs ginn net seelen aus der Loft ënner Bedeelegung vu Fligere vun der Grenzschutzagentur ageleet:

Dat ass wéi wann e géing e Mäerder engagéieren an dono behaapten, et hätt ee mam Muerd näischt ze dinn” seet de Felix, dee säit Joren als Deel vun der Fligerei dës Praxis aus der Loft beobacht.

Bei vëlkerrechtswiddrege Praktiken ass et kee Wonner, datt Frontex mat alle Mëttele versicht,  Informatioune virun der europäeschen Zivilbevëlkerung zeréckzehalen. Frontex leegent nach ëmmer, déi vun hinne verursaachte Mënscherechtsverstéiss, d’Agentur geet och aktuell géint dës Mënsche vir, déi Liicht an déi dubios Geschäfter vu Frontex brénge wëllen.

Nodeems Aktivist*innen am leschte Joer eng Auskonftsklo géint Frontex verluer haten, stellt Frontex hinnen Avekotekäschten am 4-stellege Beräich a Rechnung. Frontex klot dëst Geld elo an fir un den Aktivist*innen en Exempel ze statuéieren an op Nummer sécher ze goen, datt sech an Zukunft kee méi traut, Transparenz anzefuerderen.

Eng Grenzschutzagence, déi am Optrag vun der Europäescher Unioun mat esou falsche Methode Schutzsichend un Europa senge Grenzen ofweist an un Mënscherechtsverletzung bedeelegt ass, ass net haltbar!

Mat der Hëllef vun Daten, déi eis Airborne-Crew vun der Loft empfänkt, kënnen Acteure wéi Frontex fir hier Verbriechen zur Rechenschaft gezu ginn. Dofir bleiwen si och 2021 iwwer dem zentrale Mëttelmier aktiv a fuerderen: Frontex opléisen!

Foto: © Sea-Watch / Moonbird

Related topics Frontex, Loftopklärung, Mëttelmier, Moonbird, Pull Back, Sea-Watch, Séinoutrettung
Next post Previous post