Search

You may also like

Signalbrécke fir d’N2a a Richtung Echangeur Hamm
Kultur Neiegkeeten

Signalbrécke fir d’N2a a Richtung Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der N2a a Richtung Echangeur

surprise
Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS
Kultur Neiegkeeten

Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS

D‘Gewerkschaft Banken an Assurancen (SBA) déi dem OGBL ugegliddert ass,

Den Literaturzenter presentéiert seng grouss Liesrees!
Kultur Neiegkeeten

Den Literaturzenter presentéiert seng grouss Liesrees!

Vum 4. Mee bis de 4. Juli geet de Centre

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Support: FAUST PROJECT

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de Sharko eis scho säit méi, wéi 20 Joer d’Welt vum Elektro-Pop a Rock. No zuelräichen ausverkafte Shows a senger Heemescht kënnt de belsche Museker um 21. Februar op Lëtzebuerg.

Hei kënnt elo eent bei dat anert: Den 8. Album Glucose gëlt als Ufank vun engem neie musikaleschen Zyklus a verbënnt nei Wierker mat bekannte Stécker. Am September 2019 koum den neien Disk eraus. Produzéiert gouf e vum Luuk Cox, deen ënnert anerem scho fir de Stromae geschafft huet, dem Jukka Jahnukainen, Talent am skandinaveschen Elektro New Wave, wéi och dem Stan Neff, dee scho mat Christine and the Queens wierkelen duerft.

Lëfteg a frëscht Material kënnt mat dësen 12 Titelen, beispillsweis der éischter Single Uppercut op d’Sharko-Fans duer. Bal zwee Joerzéngten huet et gedauert, bis datt de Museker sech endlech nees bei ugemellt huet.

Wéi, wat a wou?

De Sharko trëtt e Freideg, den 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik op. Lass geet et um 19:30 Auer. D’Ticketen kaschten am Virverkaf 20 € (plus Fraisen) op www.kulturfabrik.lu an www.ticket-regional.de, un der Oweskeess sinn et 24 €. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Concert, DJ, Elektro Pop, Faust Project, Glucose, Kulturfabrik, Sharko
Next post Previous post