Search

You may also like

dislike
Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet
Neiegkeeten

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An

Déi nei Fräiheet
Neiegkeeten

Déi nei Fräiheet

Lëtzebuerg wier et gelongen dat schlëmmst ze verhënneren, huet de

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 1)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 1)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

Haus vun der Natur & Shop nature: Ab haut nees op!

Haus vun der Natur & Shop nature: Ab haut nees op!

Nodeems d’Renovatiounsaarbechten elo komplett ofgeschloss sinn, empfänkt de Shop nature an d’Haus vun der Natur Iech ab haut nees voller Freed a lackelt souguer bis de 25. September mat engem Wëllkomm-Cadeau a Prozenter vun 10% op allen Artikel.

Nieft dem Verkaf vun Naturschutzartikelen steet och d’Berodung zu allen Uleiesen am Beräich vum Naturschutz am Virdergrond. Ma, och beim neie Konzept geet een dësen Offeren no a beréit ënnert anerem zum naturnoe Gaart, zu vullefrëndleche Gebaier oder zur Fërderung vun der heemescher Insektewelt.

Mat pedagogeschem Material, eegener Fachliteratur an dem bekannte Sortiment u verschiddenste Produiten (Vullen- a Fudderhaisercher, Fudder, …) gëtt d’Sortiment perfekt ofgerënnt.

D’Berodungsplaz wäert demnäächst direkt am Shop ze fanne sinn an ass dann wärend der Woch vun 9 bis 12 Auer besat. Wien allerdéngs aktuell Froen zu Champignongen huet, gëtt gebieden seng Froen iwwert pilzberodung2020@gmx.com ze stellen.

De Shop nature huet op vu Méindes bis Freides vun 8:30 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer.

Opmaacherbild: © James Lee / Unsplash

Related topics Berodung, Champignon, Haus vun der Natur, Naturschutz, Renovatiounsaarbechten, Shop Nature, Vullen
Next post Previous post