Search

You may also like

Chamberwahlen: Eng Zukunft déi lëtzebuergesch schwätzt a keng Steiere méi bezilt
Neiegkeeten

Chamberwahlen: Eng Zukunft déi lëtzebuergesch schwätzt a keng Steiere méi bezilt

E Méindeg huet déi Demokratesch Partei (DP) hire leschte Volet

Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier
Neiegkeeten

Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier

D’Sea-Eye-Rettungsschëff Alan Kurdi geet no enger Zwangspaus vu 4 Méint

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann

Et ass vollzunn, am Gaasperecher Bann huet den neie „Shoppingzenter Cloche d‘Or“ seng Dieren opgemaach. Eng Akaafsméiglechgkeet déi sech – Marketing oblige – als dat gréisst an natierlech dat schéinst, dat et jeemools zu Lëtzebuerg ginn huet, selwer beschreift.

Gaasperecher Bann

© Melvin Hatto/moien.lu

Gutt. Déi virgeluechten Zuele beandrocken: den neie Konsumtempel verfüügt iwwert 75.000 M² Verkafsfläch. Op 4.000 M² verdeelt sech déi gastronomesch Offer a wien „nëmmen“ akafe wëll kann sech am Supermarché (12.500 M²) ëmkucken, well bei esouvill Raum dierft et un näischt feelen. Am Shoppingzenter hunn eng 130 Enseignen en doheem fonnt, déi 1.600 Aarbechtsplaze schafen. Déi „douce Mobilitéit“ ënnerstëtzt de Shoppingzenter mat sengen 2.850 Parkplazen net.

Gaasperecher Bann

© Melvin Hatto/moien.lu

Wann de Buttek bis leeft, esou zumindest d‘Erwaardunge vun alle deenen déi hiert Geld hei op déi eng oder aner Manéier investéiert hunn, sollen all Dag 50.000 Leit de Shoppingzenter besichen an hoffentlech och do hiert Geld ausginn. De gréissten Acteur vum „Shoppingzenter Cloche d‘Or“ ass Auchan, woubäi de Grupp Lëtzebuerg – eegenen Aussoen no – beschtefalls als „Laboratoire“ gesäit an eigentlech nëmmen drop eraus ass, déi zukünfteg Akafsformen auszeprobéieren.

Gaasperecher Bann

© Melvin Hatto/moien.lu

Dat soll de Client am Gaasperecher Bann dann och „erliewen“, firwat d‘Weeër duerch d‘Regaler besonnesch breet ausgeluecht goufen an och de Beräich vun de Keese ganz nei erfonnt gi wier. E Plus fir de Client an d‘Ëmwelt soll de Programm „Null Offall“ bréngen. Op der Cloche d‘Or dierf de Client säin Dëppen, seng Frëschhaltebox an esouguer seng Fläsch matbréngen. Alles – also zumindest am Rayon „Liewensmëttel“ – soll et am lassene ginn. Kléngt jo schonn net schlecht.

Gaasperecher Bann

© Melvin Hatto/moien.lu

Interessant: et ass net wëll de Shoppingzenter iwwer masseg Parkraum verfüügt, datt een déi notze muss, schonn emol guer net wann et nobäi wunnt. De Supermarché bitt senge Clienten, déi an engem Ëmkrees vun 3 Kilometer wunnen un, sech hir Akeef vun enger Start-up, déi mat Elektro-Scooter operéiert, heem liwweren ze loossen. A wann ee grad derbäi ass d‘Welt zum besseren ze veränneren, da verzicht een natierlech och op de verkaf vun Tubak. D‘Tankstelle sinn erfreet…

Gaasperecher Bann

© Melvin Hatto/moien.lu

Kultur soll och net ze kuerz kommen, an dofir ass am Shoppingzenter eng „Arena“ ageriicht ginn, wou Events, Concerten oder soss „interessant“ Veranstaltungen zur Ënnerhalung vum Public kënnen organiséiert ginn. De Public, oder villméi de „Client“ soll generell beschtens encadréiert ginn. Esou si Mataarbechter fir de Accueil zoustänneg: dorënner e Sports-Coach, e Florist, en Ernährungsberoder, Kichecheffen a villes méi. Akafe gëtt elo op der Cloche d‘Or zum Erliefnes.

Gaasperecher Bann

© Melvin Hatto/moien.lu

Elo muss et sech erginn, wéi de Shoppingzenter sech bei der Clientèle duerchgesat kritt. Mam Akafszenter um Hamilius huet dëse geschwënn en zolitte Konkurrent, an d‘Verkéierssituatioun kann een net wierklech als „gënschteg“ ëmschreiwen. Laut den Aussoe vun der Direktioun ass dat alles ze bewältegen. Et géif schliisslech scho Wunnengen an déi ëmleiend Entreprise géifen iwwer vill Personal verfügen. En Argument datt zumindest fir d‘Restauratiounsbetriber gülteg ass…

Foto: © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Auchan, Gaasperecher Bann, Konsumtempel, Shoppingzenter Cloche d'or
Next post Previous post