Search

You may also like

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci
Neiegkeeten

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci

Am Juni hat de Parquet vum internationale Jugoslawien-Tribunal (ICTY) zu

Däischter Ofgrënn: Serpent Bite presentéiert d’Single „Minecrawler“
Neiegkeeten

Däischter Ofgrënn: Serpent Bite presentéiert d’Single „Minecrawler“

Fans vu Metal an Hardcore: Spëtzt Är Oueren! D’Lëtzebuerger Museker

No Wochen um Mier: Migranten dierfen zu Malta ofgesat ginn
Neiegkeeten

No Wochen um Mier: Migranten dierfen zu Malta ofgesat ginn

Fir déi 49 Migranten, déi sech op de Schëffer Sea-Watch

Si hu kee Vertrauen…

net an den Direkter vun der Prisongsverwaltung a scho guer net an de Covid19-Vaccin

Si hu kee Vertrauen…

Dat hat sech de Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung, nodeem Mëtt Mäerz de Covid19 hannert de Prisongsmaueren an Erscheinung getrueden ass, da wuel eppes anescht Virgestallt. Hien, deen zu dëser Covid19-Infektioun, déi trotzt strengste Moossname geschitt ass, gemengt huet, datt et wuel ee Giischtje war deen de Virus ageschleeft huet, wollt seng Leit dann och impfe loossen.

Elo geet dat net, well d‘Reegelen anescht opgestallt sinn. Den Ethikrot hat jo wuel och gemengt, datt d‘Personal am Prisong „kal a waarm“ gewinnt ass, an esou eng kleng Gripp hinne kaum eppes kann unhunn. Et gouf sech dann awer op anerer Plaz derzou duerchgerongen, esou wéi dat an den Altersheemer a Wunnstrukture fir Seniore gemaach gouf, eng Impfekipp laanscht ze schécken.

Richteg ass jo och, datt se Serge Legil, dee sech wéi de President vun der COPAS, all Dag zolidd Gedanke mécht, wéi ee seng Insassen am beschte beschütze kann, ee gudde Kontakt zu de Beamten an der Populatioun am Prisong huet. Hie geet sech all Dag perséinlech dovunner iwwerzeegen, datt alles gutt ass. Aus de ville Kontakter huet sech och erginn, datt d‘Demande no Impfung grouss ass.

De sanitäre Mëttelfanger

Wat déi gutt Kontakter mat der Populatioun, vum Häftling iwwert de Giischtje bis hinn zu sonstege Mataarbechter ubelaangt, esou huet de joviale Verwaltungsdirekter wuel eppes falsch verstanen. Et heescht nämlech, datt wéi den 1. an den 2. Abrëll zu Schrasseg opgeschloen ass, fir déi 530 Gäscht vun der Prisongsverwaltung ze impfen, hunn der grad emol 180 den Aarm dohinner gehalen.

Bei enger annoncéierter Impfbereetschaft vun 51%, sollt een de Serge Legil eventuell froen, wou hie seng Informatiounen hir huet. Unhand deem wéi et dann awer schlussendlech gelaf ass, huet de Verwaltungsdirekter entweder gelunn, oder enger falscher Informatiounsquell Vertraue geschenkt. Jiddefalls krut dëse sensibele Beamte vun den Häftlingen de sanitäre Mëttelfanger gewisen.

Elo trëfft hien awer wierklech keng Schold. Hie huet säi ganz Gewiicht op d‘Wo geluecht fir bei den zoustännegen Instanzen d‘Impfung vun den Insassen duerchgesat ze kréien. Hien huet also wierklech alles gemaach fir ee Cluster ze verhënneren… D‘Kontakter no bannen an a no baussen si maximal ageschränkt, mee natierlech dierfen d‘Giischtercher an sonstegt Personal net geimpft ginn.

Jo wourunner hänkt et dann?

Interessant ass dann och, dann elo „bedauert“ a behaapt gëtt, et hätt een den Häftlingen eng Offer gemaach, déi si refuséiert hätten. Vläicht hätt een – well sech dat schonn aus organisatoresche Grënn esou ugebueden hätt – am Virfeld d‘Leit froe kënnen. D‘Beamte gesinn hir Cliente jo méi oft am Dag, d‘Méiglechkeet hätt also bestanen. Dat awer huet keen dem Serge Legil verroden.

Elo awer muss sech den aarme Mann jo veräntwerten, well d‘Justizministesch wäert sech kaum fir de Mann asetzen. Nodeems d‘Familljeministesch, well si Stellung geholl hat, fierchterlech duerch de Bulli geschleeft gëtt, eng ganz vernënfteg Astellung. Ee Feeler agestoe gëtt natierlech net, et ass ee Beamten an als solches fräi vu Feeler. Ass et dann also e Sabotage vun den Häftlingen?

De Serge Legil jiddefalls behaapt, datt sech d‘Insasse der Impfung verweigere géifen, well seng Beamten net geimpft wieren. Een eppes klägleche Versuch d‘Prioriséierung vun der Impfung fir déi am Prisong beschäftegt Leit ze erwierken, mee nach iergendwéi vertrietbar. Richteg awer ass, datt d‘Leit am Prisong net vun der Aussewelt ofgeschnidde sinn, an d‘Recht hunn ze verweigeren.

Eppes Verloscht ass ëmmer

Wat dann elo déi sanitär Lag am Prisong zu Schraasseg betrëfft, wou den 19. Mäerz den éischten Infektiounsfall sech offenbaart huet, esou huet de Verwaltungsdirekter keng Angscht datt et kéint ausaarten. Wien nei ukënnt gëtt zwangsméisseg getest, siwen Deeg a Quarantaine gesat, dann nach emol zwangsméisseg getest, iert et sech dann um Block vun engem Beamten infizéiere ka loossen.

Dat mécht jo och Sënn. Bleift nach festzehalen, datt et zu Schrasseg elo ee Block mat 48 Better fir déi ënner Quarantaine gesate Persounen huet. Fir déi „positiv“ Häftlinge gëtt et 15 Better an wann et richteg ass, datt der dovunner aacht beluecht sinn, muss een dem Serge Legil bäiflichten, datt et den Ament kee Grond huet, sech iwwer d‘Infektiounslag am Prisong Suergen ze maachen.

Ongekläert bleift d‘Fro no der Drénglechkeet d‘Personal op der Plaz – also net nëmmen d‘Beamten – géint de Covid19 ze impfen. Hei drängt sech allerdéngs eng weider Fro op: huet da schonn emol een dru geduecht sech ze erkënnegen, wien dann, ausser den Häftlingen, bereet ass sech impfen ze loossen? Net datt nach emol eng Ekipp fir d‘Kaz mobiliséiert gëtt an de Vaccin net versprëtzt kritt.

Illustratioun: © Daniel Herron / unsplash

Related topics Covid19, Impfstrategie, Prisong, Schrasseg, Serge Legil, Verwaltungsdirekter
Next post Previous post