Search

You may also like

OPGEPASST: Glasstécker am Produit „Klare Suppe“ vu Rapunzel
Geek Neiegkeeten

OPGEPASST: Glasstécker am Produit „Klare Suppe“ vu Rapunzel

D’Liewensmëttelsécherheet informéiert doriwwer, datt am Produit “Klare Suppe“ vun der

Fête de la Musique 2020: Bis de 15. Mäerz kann ee sech mellen!
Geek Neiegkeeten

Fête de la Musique 2020: Bis de 15. Mäerz kann ee sech mellen!

Méi wéi 400 gratis Concerten u 5 Deeg uechtert d’Land:

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen
Geek Neiegkeeten

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen

Den 16. an 17. August huet Lëtzebuerg 43 syresch Refugiéen

geek

Si hu vill geschafft a kruten de Merci perséinlech iwwerliwwert

Si hu vill geschafft a kruten de Merci perséinlech iwwerliwwert

Am Kontext vun der Pandemie, där domadder zesummenhängend Kommunikatioun iwwert all méiglech Supporten, an elo natierlech och am Kader vun der Impfcampagne, war an ass de CTIE (Staatlechen Zenter vun den Technologien) e vun den essentielle Regierungsdéngschtleeschter.

Grond Genuch fir de Premierminister Xavier Bettel an den delegéierte Minister fir Digitalisatioun Marc Hansen, der „digitaler Dréckerei“ vum CTIE zu Leideleng eng Visite ofzestatten an de Leit perséinlech fir hiren Asaz an déi iwwermënschlech Efforte wärend der sanitärer Kris Merci ze soen. An d‘Aarbecht dierft dësem Staatsdéngscht nach esoubal net ausgoen, nach ass jo Pandemie.

Et ass drop hinzeweisen, datt de CTIE net nëmme fir d‘Impressioun an de Versand vun den Impf-Invitatioune verantwortlech ass, mee natierlech och déi ganz Informatikgestioun vun den am Land opgestallten Impfzenter manage muss. Datt d‘Aluedung zur Impfung nach ëmmer op Pabeier, statt per SMS oder Email kënnt, huet keen zesummenhang mam digitale Gruef bannent der Gesellschaft.

Wann et wuel zoulässeg ass unzehuelen, datt Mënsche vun engem gewëssenen Alter net esou fit mam digitale sinn, esou huet et awer wuel éischter juristesch Grënn. Ass u sech och egal, wichteg ass jo am Endeffekt, datt et effizient an effektiv ass. Dat schéngt am grousse Ganzen och de Fall ze sinn. Esou ass och de Marc Hansen ganz zefridde mat sengem Service, dee Grousses leeschte kann.

Als Informatikpartner vun der Regierung an der Gestioun vun der Pandemie ass de CTIE da wuel och onverzichtbar. Den delegéierte Minister weist zum Beispill op déi technesch Entwécklung vun der Covid19-Internetsäit hin, déi wuel net korrekt mat de sougenannten „Cookies“ ëmgeet, dofir awer erstaunlecherweis och eng Sektioun op lëtzebuergesch enthält. Natierelch ass dat alles gratis.

Si kënne méi wéi allgemeng ugeholl gëtt

Am Kontext vum Informatiounszougank an der Informatiounsverbreedung, verëffentlecht de CTIE och Informatiounen op guichet.lu (och hei ginn iech leider, ouni datt dir d‘Wiel hätt, „Cookies“ opgezwongen). Wëssenswäertes fir d‘Bierger an d‘Entreprisen, op angeblech den dräi administrativ veruednete Sproochen: franséisch, däitsch an natierlech englesch; géif engem hei ugebuede ginn.

Op der interaktiver Plattform myGuichet (jo och déi ka kee Lëtzebuergesch a baut iech lëschteg Cookies an) kann een, wann een da sollt Vertrauen an LuxTrust hunn (déi kënnen zumindest nieft de *guichet-Sproochen och nach hollännesch, mee leider och kee lëtzebuergesch) ee vun de 50 CTIE-Formulaire ausdrécken. Eegenen Ugaben no, soll d‘Säit iwwer 34 Millioune mol opgeruff gi sinn.

2020 sinn iwwer 2 Milliounen Demarche iwwert de myGuichet agereecht ginn. Am 1. Quartal 2021 waren et schonn 1 Millioun Demarchen. Dat soll eis verständlech maachen datt d‘Leit dëse Service ugeholl hunn, an esou och d‘Regierung ermonteren, weider digital online Servicer ze entwéckelen, ouni déi klassesch staatlech Déngschtleeschtungen ze vernoléissegen. Wann et rullt, da rullt et…

Bleift nach drop hinzeweisen, datt ouni de CTIE, weder déi staatlech Déngschter nach d‘Beamten hätte kënnen an der Kris operationell bleiwen. Si hunn de Leit all erdenklech Ausrëschtung ginn, fir datt déi am Respekt vun de sanitäre Mesuren hirer Aarbecht nogoe konnten. Dat selbstverständlech och am Kontext vum Télétravail, wou ganz besonnesch op Datesécherheet an Dateschutz bestane gëtt.

Foto: © Luc Deflorenne / Service Information & Presse de l‘Etat

Related topics Cookies, CTIE, Digital Natioun Lëtzebuerg, LuxTrust, Marc Hansen, Sproochebarrière, Staatlechen Zenter vun den Technologien, Xavier Bettel
Next post Previous post