Search

You may also like

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht
International Neiegkeeten

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen
International Neiegkeeten

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen

D‘Gaffer déi bei Accidenter och emol gären den Handy an

Concours Jonk Journalisten – Mat Kreativitéit un d’Thema „Wunnen“ erugaangen
International Neiegkeeten

Concours Jonk Journalisten – Mat Kreativitéit un d’Thema „Wunnen“ erugaangen

Fir d’Editioun 2020/2021 huet de Concours Jonk Journalisten (CJJ) d’Thema

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!

Stroossbuerg kann nees en normaalt Liewen ophuelen

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!

Si hu laang no him gesicht, an se hunn e fonnt. Op dësem Freideg ka Stroossbuerg nees en normaalt Liewen ophuelen, de Chrëschtmaart sech nees fir d‘Awunner an d‘Touristen opmaachen. D‘Police huet den Attentäter, Cherif Chekatt, um Donneschdegowend erschoss.

De Chrëschtmaart, zou zanter dem Uschlag, bei deem dräi Mënschen hiert Liewe verluer hunn, an der 13 deels schwéier blesséiert goufen, mécht haut um 11 Auer nees seng Dieren op, esou huet et de Buergermeeschter vu Stroossbuerg, Roland Ries, entscheet.

Mam Dout vum Cherif Chekatt, verschwënnt dat Damoklesschwäert iwwert de Käpp vun den Touristen, Awunner an Geschäftsleit, déi an engen 300 Bude Festdagsstëmmung verkafen. Et ass wichteg datt d‘Haaptstad vum Elsass esou séier wéi méiglech nees zu Normalitéit fënnt.

„Et ass eng riseg Erliichterung. Datt den Terrorist konnt neutraliséiert ginn, huet eis vun enger grousser Laascht befreit“, esou den 1. Schäffen, Alain Blondel. „Och wann et net einfach ass an esou engem Kontext ze feieren, et ass wichteg, datt mir nees eis Liewen ophuelen“.

De Cherif Chekatt ass um Donneschdegowend erschoss ginn, nodeems hien op Poliziste geschoss hat, déi versicht haten hien ze interpelléieren. Den Attentäter war am Quartier vum Neudorf, do wou d‘Autoritéiten seng Spuer verluer haten, opfonnt ginn a wollt sech net erginn.

Islamesche Staat

„Um 21 Auer huet eng Equipp vun der spezialiséierter Brigad, bestoend aus dräi Beamte vun der Police Nationale, en Individuum gesinn deen op der héicht vum Haus 74 vun der Strooss Lazaret flanéiert huet. D‘Persoun huet op d‘Beschreiwung vum gesichten Täter gepasst“, esou de kuerze Resumé vun der Interpellatioun, wéi e vum Inneminister Christophe Castaner virbruecht ginn ass.

Gewosst ass, datt d‘Poliziste versicht hunn de Cherif Chekatt ze verhaften, mee dësen huet wéi hien ugeschwat gi ass, sech ëmgedréit an ouni ze zécken d‘Feier op d‘Beamten erëffent. D‘Polizisten hu sech gewiert an zréckgeschoss. Bei dësem Schosswiessel ass de Gesichten zu Dout komm.

De Mann wier ee vun den Zaldote vum Grupp „Islamesche Staat“ gewiescht, behaapt kuerz duerno „Amaq“ dem IS seng Propagandamaschinn. Eng Meldung déi vum Grupp zur Iwwerwaachung vun den extremistesche Reseaue (SITE) weidergeleet ginn ass. Den IS rifft seng „Zaldote“ regelméisseg op Uschléi a Länner ze maachen, déi – wéi Frankräich – zu internationaler Koalitioun gehéieren.

De Chef vum Antiterror-Parquet, Rémy Heitz, war nach an der Nuecht op Stroossbuerg gefuer fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Hie sollt sech haut de Moie géintiwwer de Medien äusseren. Laut deem wat vun der Police duerchgedrongen ass, war de Cherif Chekatt an dësem biergerleche Quartier eleng ënnerwee, iert hie vun de Beamten erschoss ginn ass.

Applaus?

Nodeems de radikaliséierte Mann vun 29 Joer vun der Police „neutraliséiert“ gi war, hunn eng Rei Leit, déi sech beim Sécherheetsperimeter opgestallt haten, an d‘Hänn geklappt a „Bravo“ gejaut. „D‘Tatsaach datt se dee gestoppt hunn ass eng Erliichterung (…) et huet ee sech net wierklech sécher gefillt“, erzielt eis den 18 järegen Arthur, en Awunner vum Quartier Neudorf.

Laut weideren, nach onbestätegten Informatiounen, soll eng Fra de Flüchtegen um Donneschdeg erkannt hunn. Et wieren dorops hi Bluttspure fonnt ginn, an unhand vu Videobiller konnten d‘Autoritéiten sech vergewësseren, datt et sech tatsächlech ëm de Gesichte gehandelt huet.

Am Owend war de Secteur zou. Aus der Loft sinn d‘Poliziste vun engem Helikopter ënnerstëtzt ginn, dee mat thermesche Kameraen ausstafféiert ass. Eng Chance hat de Cherif Chekatt, nodeems hien entdeckt war, net. „Merci un all déi mobiliséiert Servicer, Police, Gendaarmen an Arméi. Eist Engagement géint den Terrorismus ass vollstänneg“, heescht am Tweet vum Emmanuel Macron.

mam Hervé Asquin/AFP

Foto: D‘Forensiker vun der Police Nationale sinn op der Plaz, fir sécherzestellen, datt beim Schosswiessel mam Cherif Chekatt alles korrekt verlaf ass. De Mann deen hei am Stroossbuerger Quartier Neudorf erschoss ginn ass, soll en Dënschdeg e reliéis motivéiert Attentat op de Chrëschtmaart duerchgefouert hunn. © Patrick Hertzog/AFP

Related topics Attentat, Cherif Chekatt, Chrëschtmaart, islamesche Staat, Stroossbuerg
Next post Previous post