Search

You may also like

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)
International Neiegkeeten

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)

Mat der Petitioun 1628, déi zanter dem 26. Juni zur

Weltdag vun de Gesëschter – Eng Bezéiung, déi sollt wäertgeschat ginn
International Neiegkeeten

Weltdag vun de Gesëschter – Eng Bezéiung, déi sollt wäertgeschat ginn

Haut ass de Weltdag vun de Gesëschter. Dësen Aktiounsdag, dee

Dem Orban seng nëtzlech Idioten…
International Neiegkeeten

Dem Orban seng nëtzlech Idioten…

Anti-Europäer, ultra-rietskonservativ an ongehuwwelt am Ëmgang mat der politescher Famill:

Si hunn de Cosby nees fräi gelooss

Den ieweschte Geriichtshaff vum US-Bundesstaat Pennsylvania huet gëschter déi géint den 83 järegen Acteur geschwate Verurteelung wéinst sexueller Néidegung annuléiert

Si hunn de Cosby nees fräi gelooss

2018 war den afroamerikaneschen Acteur Bill Cosby (The Bill Cosby Show) wéinst Harcèlement zu eng laanger Prisong- a 25.000 US$ Geldstrof condamnéiert ginn. Géint dëst Urteel gouf dann Asproch ageluecht. Dëst Urteel ass elo opgehuewe ginn an d‘Geriicht statuéiert: „Den Entertainer hätt wéinst enger Vereenbarung guer net dierfen ugeklot ginn“.

Cosby

Kuerz no der Revisioun vum Urteel ass de Bill Cosby aus dem Prisong entlooss ginn. Interessant awer och, déi ronn 80 Säiten ëmfaassend Stellungnam vum Geriicht. Dat besonnesch wéinst dem Kontext: nodeems den Acteur an Entertainer sech huet missen de Beschëllegunge vun iwwer 60 Frae stellen, ass et am Prozess selwer nëmmen ëm een eenzege Fall aus dem Joer 2004 gaangen.

Cosby

Et handelt sech dobäi ëm de Fall Andrea Constand, dee schonn 2005/6 mat engem „Arrangement“ – et sollen 3.38 Milliounen US$ Entschiedegung bezuelt gi sinn – an dann nach emol am neie Kontext vun de Beschëllegunge mat opgegraff ginn ass. D‘Jury huet et dunn als erwisen ugesinn, datt de Beschëllegten d‘Fra drogéiert a sexuell mëssbraucht huet. Dat gouf awer kontestéiert.

Cosby

No der Decisioun vum ieweschte Geriichtshaff huet d‘Andrea Constand zesumme mat anere Fraen eng Stellung dozou ofginn. Hei dierf nach preziséiert ginn, datt d‘Andrea Constand iwwert de kanadesche Verlag „Penguin Random House“ de 7. September 2021 hiert Buch „The Moment – Standing Up to Bill Cosby, Speaking Up for Women“ – fir 32,95 US$ op de Maart bréngt.

mat indymedia/phl

Illustratioun: © Basil James / unsplash

Related topics Andrea Constand, Bill Cosby, Buch, ieweschte Geriichtshaff, Pennsylvania, Sexualstrooftäter
Next post Previous post