Search

You may also like

Brochlandung an Indien
Meenung Neiegkeeten

Brochlandung an Indien

De Fluch IX-1344 vun der „Air India Express“ war ouni

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an
Meenung Neiegkeeten

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an

Nodeems um Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch hir „Deklaratioun zur

Säit 2004 op der Flucht: De Jean Marc Kiesch gouf a Spuenien festgeholl!
Meenung Neiegkeeten

Säit 2004 op der Flucht: De Jean Marc Kiesch gouf a Spuenien festgeholl!

Duerch déi virbildlech Zesummenaarbecht vun de Fugitive Active Search Teams

Si hunn de Previsiounen net gegleeft (Kommentar)

Si hunn de Previsiounen net gegleeft (Kommentar)

Datt sech no den Evenementer vun de leschten Deeg, och den Ëmweltministère zu de Schied, den Hannergrënn a villem méi huet misse matdeelen, huet vill domadder ze dinn, dat esou eppes wéi dëst Héichwaasser streng geholl net dierft am Summer stattfannen.

Ob do d‘Ausso vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) „Mir haten déi lescht Woch ee Wanterhéichwaasser am Summer“ glécklech ass? Wuel éischter net, woubäi een hei sollt op den emotionellen Ëmstand vun engem organisatoreschen Desaster berécksiichtegen. De Feeler läit dann och net bei de Rettungsdéngschter an alle fir den Zivilschutz agesate Kräften.

Wann dann awer gesot gëtt, datt ee schonns um Méindeg (dat géif sech mat eisen Erkenntnisser decken) Modeller virgeleeën hunn, déi masseg Néierschlag ugekënnegt haten, ouni d‘Quell vun dëser Informatioun ze nennen, gëtt een iergerlech. Mir wëssen elo datt d‘Informatioune vun der EFAS kommen, een sech awer hei och „aner“ Modeller mat „manner Reen“ ugekuckt huet.

Richteg ass, och wann elo d‘Erklärung vun der Ministesch eppes verwurrelt ass, datt MeteoLux um Dënschdeg am fréien Nomëtteg eng Wiederwarnung erausginn huet. Déi hat, wéi elo gewosst ass, allerdéngs glat a guer näischt mat de Warnunge säitens de EFAS ze dinn, an esou huelen déi mécht Onglécker hiren Ulaf. Woubäi dat och fir „déi aner“ gëllt a mir keng Doudesaffer ze bekloen hunn.

Um Mëttwoch um 17 Auer dunn, gouf dann endlech d‘Phas d‘Alert ausgeléist. Eigentlech huet et esouguer Noutfallpläng, well mat Héichwaasser beschäftegt ee sech och zu Lëtzebuerg schonn eppes méi laang. Mir hunn een extra dofir verantwortlechen Déngscht „Service des Previsions de Crue“ an d‘Erklärunge vum Christian Bastian, si weder ziilféierend nach beweisen se Wäitsiicht.

Hätt et déi gehat, a wier et méiglech gewiescht de Wëssenschaftler hir Warnung ze verstoen, esou zumindest eis Siicht, hätt ee wuel de Schued kënnen a Grenzen halen. Sech der Press ze stellen, fir dëser ze erklären datt vun den 41 Miessstatiounen am Land, zéng vun hinnen den honnertjäregen Héichwaasserstand iwwerschratt hunn, a fofzéng „historesch“ Waasserstänn haten, ass geschenkt.

Et gouf schlicht an ergräifend versot, dat op der ganzer Linn, an eigentlech wier d‘Regierung gutt beroden sech dat esou anzegestoen. Gutt mam Covid19 klappt et och éischter beschwéierlech, mee beim Wieder gouf et zimmlech däitlech a verständlech Warnungen, déi een eventuell hätt sollen Eescht huelen. Well emol Ofgesi vum de Stied an Dierfer, et huet do nach Leit déi gelidden hunn.

Woubäi deenen hiert Leed sech nach laang wäert auswierken. Riets ass vun eiser Campinger, déi fir déi meescht jo un eise flotten, well eppes wëllen, Waasserleef geleeë sinn. Wa wuel trotz Warnung net alles ze rette gewiescht wier, villes hätt hei zäiteg kënnen evakuéiert ginn. Mee nee, et gouf wuel – wéi esou oft – aus „wirtschaftlechen“ Iwwerleeungen eraus, nees keng Virsuerg getraff.

Evakuatiounen an d‘Duerchféiere vu Sécherheet-/Schutzmoossnamen, esou laang wéi d‘Kand nach um Rand vum Pëtz danzt, kéint wirtschaftlech Aktivitéiten impaktéieren, wat am Kontext vun enger nach ëmmer bestoender a méiglecherweis esouguer 4. Well, absolut net tolerabel ass. Elo geet de Schued an d‘Milliounen an eigentlech ass déi eenzeg gutt Noriicht de Fait, datt kee gestuerwen ass.

Foto: De Gronn um Donneschdegmueren © Agnostic Toaster / Reddit

Related topics EFAS, Héichwaasser, Iwwerraschung, Iwwerschwemmung, MeteoLux, Previsiounen, Staarkreen
Next post Previous post